Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Catharsis

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CGDIS: Keng cheemesch Stoffer an der Loft nom Brand zu Beetebuerg

Feier an engem Industriebetrib

CGDIS: Keng cheemesch Stoffer an der Loft nom Brand zu Beetebuerg

Gëschter koum et zu zwee gréissere Bränn gëscht zu Beetebuerg an zu Monnerech. Grad bei engem Industriebrand wéi deem zu Beetebuerg gëllt beim CGDIS Groussalarm. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Déi zwee gréisser Bränn gëschter um Dënschdegowend zu Beetebuerg an zu Monnerech si geläscht. Dat deelt de Christopher Schuh vum CGDIS op eis Nofro hi mat. Wéinst dem Feier an der Industriezone Wolser zu Beetebuerg gëtt et keng Warnung méi fir d’Leit.

CGDIS gëtt ëmmer präventiv Warnungen eraus

Gëschter Owend géint 22 Auer stoung eng Lagerhal vun engem Kosmetikbetrib komplett a Flamen. Wéinst staarkem Damp hat de CGDIS an der Nuecht eng Warnung erausginn, d’Leit zu Beetebuerg, Helleng an Diddeleng sollten hir Fënsteren zouloossen. Déi Warnung ass opgehuewen, well keng chemesch Stoffer an der Loft konnte festgestallt ginn. 

Bei esou Industriebränn gëtt Groussalarm beim CGDIS ausgeléist, erkläert de Christopher Schuh. Dat, wëll eng Gefor ka bestoen, datt potenziell geféierlech chemesch Stoffer fräigesat ginn. Dofir géif de CGDIS präventiv de Message erausginn, d’Awunner sollen hir Fënsteren zouloossen.

"Well zu deem Moment nach net genau gewosst war, wat géing brennen, an et awer zu enger gréisserer Brandentwécklung komm ass." 

Wéinst dem Risiko wat eng potenziell Gefor fir d’Gesondheet vun de Leit ugeet, do konnt de CGDIS séier Entwarnung ginn.

"An och d’Moossunge vun eisem GNRWC hunn erginn, dass ebe keng toxesch Stoffer fräigesat géife ginn, an doropshin hu mir Entwarnung ginn a Punkto Dieren a Fënsteren zoumaachen."

Vereenzelt Asätz wéinst den héijen Temperaturen

A just annerhallwer Stonn haten déi ronn 60 Pompjeeën aus 7 Zenteren d’Feier dunn ënner Kontroll a konnten de Moie géint hallwer 1 d’Plaz verloossen, esou de Christopher Schuh. Mee et huet net laang gedauert: Géint 3 Auer an der Nuecht ass de CGDIS op Monnerech geruff ginn. Do haten d’Pompjeeë scho mëttes a Brand an engem Wunnhaus geläscht. Owes koum awer nees den Appell.

"Well et rëm um Niveau vum Daachstull, dee schonn zu engem groussen Deel verbrannt war, rëm zu enger Brandentwécklung komm ass, déi mir awer och rëm séier geläscht kritt hunn."

Grad bei esou héijen Temperature wéi gëschter si Brandasätz fir d’Pompjeeën ëmsou méi ustrengend. Gëscht koum et zu 5 méi klenge Vegetatiounsbränn an ee gréissere Vegetatiounsbrand tëscht Kënzeg a Messancy.

Duerch de Reen an der Nuecht an deene méi niddregen Temperaturen haut erwaart de CGDIS sech, datt et haut nees méi roueg gëtt, esou nach de Christopher Schuh.

Lauschterenplay_arrow