Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CGFP iwwer Pensiounsreform: Net ee géint deen aneren ausspillen

Diskussiounen iwwer d'Pensiounsreform

CGFP iwwer Pensiounsreform: Net ee géint deen aneren ausspillen

D’CGFP ass retizent fir de Krees vun deenen, déi iwwer den zukünftege Finanzement vun de Pensioune matdiskutéiere sollen, ze vill grouss opzemaachen. Wat een zu méi ass, wat et méi komplizéiert géif ginn e Kompromëss ze fannen, seet de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft Romain Wolff.

auto_stories

3 min

headphones

14 min

Romain Wolff | © Chris Zeien play_arrow
Foto: Chris Zeien

De Romain Wolff wiert sech géint de Reproche, seng Organisatioun wéilt d’Jugendorganisatiounen aus den Iwwerleeungen iwwer d’Zukunft vum System ausschléissen. Dat wier net de Fall. An et sollt ee generell net deen ee géint deen aneren ausspillen, seet de Romain Wolff.

„Wann een natierlech d'Acteuren alleguer wëll un den Dësch kréien, da gëtt et ganz komplizéiert, fir e Konsens ze fannen, warscheinlech nach méi komplizéiert, wéi wann et der e puer manner sinn. Mee vläicht leet d'Regierung et jo drop un, fir datt et nëmmen net soll zu engem Konsens kommen. Jo da ka se jo da soen: ‚Ok, déi do, déi kréie jo näischt hin, da maache mir elo dat, wat mir eigentlech wollte maachen‘.“

Et misst een oppassen d‘Gesellschaft mat deem Theema net ze splécken, sou wéi dat a Frankräich geschitt wier, seet de Romain Wolff. Do wier eng Renten- a Pensiounsreform laanscht d‘Leit gemaach ginn, woumat de soziale Fridde geaffert gi wier. Dat dierft zu Lëtzebuerg net geschéien.

Bis den Hierscht soll eng Feuille de route stoen

D‘Regierung wéilt eng breet Diskussioun iwwer d’Finanzéierung vum Pensiounssystem féieren, sot de Premier Luc Frieden deslescht a senger Ried zur Lag vun der Natioun. Breet heescht, datt net just mat Gewerkschaften a Patronatsorganisatiounen driwwer geschwat gi soll.

Jonk an eeler Mënschen hätten Interêt matzeschwätzen, genee wéi Patronen a Salariéen, seet dozou d‘Sozialministerin Martine Deprez. Et wier awer net evident fir e Format ze fannen, bei deem all déi Leit kéinte matschwätzen.

„Mee do probéiere mer iwwert de Summer eng Feuille de route opzestellen. An da wäerte mer déi am Hierscht kommunizéieren. A wann dann nach ee gutt Iddien huet, fir dat nach besser ze maachen, da sinn ech dee Leschten, deen nee seet.“

Bewäertungssystem bei der Arméi: Et zeechent sech eng Léisung un

Am Clinch tëscht CGFP a Regierung iwwer de Bewäertungssystem bei der Arméi zeechent sech iwwerdeems eng Léisung of. De Romain Wolff, President vun der Staatsbeamtegewerkschaft, huet am 100,7-Interview ee Kompromëss ugedeit. Deemno schwätzt hien elo net méi vu Vertragsbroch, verlaangt just déi ausdrécklech Zouso, datt et sech bei där Appreciatioun, déi an der Arméi iwwer Promotiounen am Grad - awer net an der Pai - entscheet, ëm eng absolut Ausnam handelt.

D‘CGFP fuerdert dofir elo an engem Bréif un d‘Regierung, eng schrëftlech Garantie, datt d‘Situatioun bei der Arméi eng ganz spezifesch ass a kee Prezedenzfall géif duerstellen.

Lauschterenplay_arrow