Amplaz d‘Videobiller vun de Kameraen op a ronderëm d'Garen ze kucken, géifen d‘Mataarbechter schlofen, Netflix kucken oder Kaarte spillen.
Contrairement zu deem, wat Tageblatt geschriwwen huet, wier de Service BMS mat senge bal 1.500 Kameraen net do, fir ze iwwerwaachen, seet d’CFL-Direktioun. Dee Service wier do, fir de Fall wou den SOS-Knäppche géinge gedréckt ginn oder materiell Problemer an de Garë géinge gemellt ginn.
De Service wier ronderëm d‘Auer besat. Pro Schicht géingen zwou Persounen um Belval, an zwou zu Miersch schaffen. Eng weider Missioun vun deem Service wier et, der Police ze hëllefen, wa si am Fall vun enger Plainte een Ausschnëtt géing froe vun enger Videoopnam.
Där Demandë kéime pro Joer eng 400 eran, esou d‘Eisebunnsgesellschaft. Wat d‘Mobbingvirwërf ugeet, sou wier virun 8 Méint e Fall vun Harcèlement gemellt ginn an do wiere Moossnamen ergraff ginn.