Radioen

On air

9 bis 1  |  Arlo Parks - I'm Sorry Feat. Lous And The Yakuza

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 33 Organisatioune mat Kritik u Regierung: Et gëtt méi fir Finanzfirme gemaach wéi fir ONGen

Acteuren aus der Zivilgesellschaft

33 Organisatioune mat Kritik u Regierung: Et gëtt méi fir Finanzfirme gemaach wéi fir ONGen

Op der Place Clairefontaine an der Uewerstad hu sech de Moie Vertrieder vun 33 Organisatiounen aus dem Land virun der Press versammelt. Et hätt ee sech als Acteuren aus der Zivilgesellschaft zesummegedoen, fir e gemeinsamen Appell un d’Regierung ze riichten: Den Dialog mat den ONGe soll nees seriö geholl ginn.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: Ana Angel

D’Regierung géif deene privaten Audit- a Finanzfirme méi Gehéier schenken, wéi den ONGen. An déi Aart a Weis ze denke kéinten d’Acteuren aus der Zivilgesellschaft net weider akzeptéieren, esou d’Magali Paulus vum CELL, Citizens for ecological learning an Living, déi am Numm vun deenen 33 Organisatioune geschwat huet.

"Mir wëllen, dass si hir Prioritéite reevaluéieren, an e konstruktiven Dialog mat den Acteuren aus der Zivilgesellschaft opstellen. Mir mussen all zesumme schaffe fir déi fundamental Valeuren, déi mir hunn, vu Gerechtegkeet, vu Sobrietéit a vu Solidaritéit a vu sozialer Inclusioun fir déi oprecht ze halen an ze garantéieren an eiser Gesellschaft. Haut sti mir hei, well mir déi Prinzippie wëlle schützen, a protegéieren a verdeedegen."

Weider hätten d’Net-Regierungsorganisatiounen d’Gefill, datt vun hinne just nach Service erwënscht wier, a kee kritescht Denke méi, esou nach d’Vertrieder vun den ONGen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft