Radioen

On air

Spektrum  |  Don Piano - Burn Your Wings

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ CCDH: Ëmmer méi Leit ginn Affer vu Mënschenhandel an der Aarbechtswelt 

Rapport iwwer Mënschenhandel zu Lëtzebuerg

CCDH: Ëmmer méi Leit ginn Affer vu Mënschenhandel an der Aarbechtswelt 

Zuel vun den Affer vu Mënschenhandel an der Aarbechtswelt ass um klammen. Dat ass ee Konstat aus dem 4. Rapport iwwert de Mënschenhandel zu Lëtzebuerg, deen déi consultativ Mënscherechtskommissioun ausgeschafft huet.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Mënschenhandel | ©  Rene Böhmer / Unsplash play_arrow
Foto: Unsplash / Rene Böhmer

Fir déi éischte Kéier, esou de CCDH President Gilbert Pregno hätten Temoignagë vun Affer eng Plaz am Rapport kritt.

Zum Beispill eng Fra vun 20 Joer déi aus Nigeria kennt. Si hat versprach kritt se géif hei eng Aarbechtsplaz kréien. Si huet missten hier Rees bezuelen. A wéi se dunn heihinner komm ass, ass se ganz séier op eng Bunn komm wou se praktesch festgeholl ginn ass, si krut Pabeieren ewech geholl a schafft elo an der Prostitutioun. 

Mënschenhandel an der Aarbechtswelt

Tëschent 2021 an 2022 goufen am ganzen 127 Affer detektéiert. Datt déi Zuel esou grouss ass par Rapport zu de Jore virdru géif dodru leien datt d’Police e ganzen organiséierte Reseau vu sexueller Exploitatioun opgedeckt hätt. Déi meescht Affer vun Zwangsprostitutioun kéimen aus der Ukrain a Russland. Déi Zuel déi awer am meeschte klemmt wier déi vum Mënschenhandel an der Aarbechtswelt erkläert d’Fabienne Rossler vun der CCDH.

"Wat de mode de recrutement ugeet do bestätegt sech ëmmer méi d’Tendenz datt villes Online leeft. Vill Affer ginn iwwert Internet rekrutéiert. An déi nei Technologien déi benotzt gi maachen der Police et schwéier fir do dogéint unzekommen."

D'Affer vu forcéiertem Heeschen net bestrofen

Wat déi forcéiert Heescherei ugeet déi Statistesch och noweisbar wier, géif et kee Sënn maachen d’Affer ze bestrofen esou d’Fabienne Rossler. Fir dee Phenomen ze bekämpfe bräicht een déi néideg Ressourcen an eng multidisziplinär Approche. Fir eemol kuerz op déi rezent Diskussiounen ëm d’Heescheverbuet an der Stad anzegoen. Vun offizieller Säit heescht et jo, datt een domat och de Mënschenhandel bekämpfe wéilt.

"Dat ass eppes wat eis staark interpelléiert huet. Well wann et Indicë gi vu Mënschenhandel, dann ass et net fir déi Leit déi dozou gezwonge ginn ze bestrofen, mee da mussen se beschützt ginn an d’Auteure musse bestrooft ginn an d’Affer sollen déi néideg hëllef kréien. Wéi kann een en Affer vu Mënschenhandel identifizéiere wann een se bestrooft?"

Juristesch Schwieregkeeten

Weider Recommandatioune vun der CCDH sinn datt Lëtzebuerg méi Donnéeën iwwert de Mënschenhandel sammele misst dat an Zesummenaarbecht mam Statec. Och d’Ressourcë vun der Police Judiciaire a vum Service Infotraite missten opgestockt ginn.

Da war et nach d’Fuerderung vun engem Zeugenschutzprogramm. Wat d’Entschiedegunge vun den Affer ugeet sou missten déi nach eemol komplett op de Leescht geholl ginn erkläert de Jurist Max Mousel.

"Si loungen tëscht 1.000 a 5.000 Euro wärend d'Montanten, déi gefrot goufen, tëscht 3.500 an 120.000 Euro Loungen. De Profit vun den Täter, deen ass quasi ni oder just ganz selten evaluéiert oder chiffréiert an den Urteeler, dofir ass et schwéier, dat anzeschätzen, fir eis, mee natierlech och fir d'Riichter."

Ëmsou méi schwéier wier et fir d’Riichter, iwwerhaapt Confiscatiounen ze prononcéieren. CCDH schätzt, datt de Profit a gréisseren Affaire bei 100.000 bis Milliounen Euro ka leien.

Positiv wier datt d’ITM an de leschte Jore méi aktiv gi wier wat d’Detektioun vun den Affer am Mënschenhandel ugeet.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft