search

/ Bundestag decidéiert ëmstriddent Rentegesetz

Däitschland

|
headphones

2 min

Bundestag decidéiert ëmstriddent Rentegesetz

Den däitsche Bundestag huet um Freidegmëtteg fir eng Pensiounsreform gestëmmt. De Kanzler Friedrich Merz krut fir de Projet vu senger Regierung souguer eng absolut Majoritéit. De Pensiounsniveau gëtt domat an Däitschland bis 2031 fixéiert. 

headphones

2 min

© EPA / FILIP SINGER
(Foto: EPA / FILIP SINGER)

Méintelaang gouf iwwer d’Pensiounsreform vun der Schwaarz-Rouder-Regierung diskutéiert. An de leschte Woche stoung de Projet wéinst dem Widderstand, vu virun allem de jonken Uniouns-Deputéierten, souguer op der Kipp.

Schlussendlech hunn 318 Deputéiert am däitsche Parlament zougestëmmt, de Pensiounsniveau bis 2031 bei 48 Prozent vum Duerchschnëttssalaire festzesetzen. No laangem Kampf, um Enn eng Victoire fir de Friedrich Merz – a säi Vize-Kanzler Lars Klingbeil vun der SPD.

"Natürlich wäre Streit vermeidbar gewesen, das gehört zur Demokratie aber mit dazu, das muss man akzeptieren. Ich sage auch gleichzeitig, diese Entscheidung war wichtig, aber es entlässt uns nicht von der Verantwortung, die wir als Regierung tragen, das Rentensystem jetzt auch neu aufzustellen, wichtige Strukturveränderungen auch zu treffen. Also die Debatte wird weitergehen, aber jetzt gibt es erstmal eine Gewissheit für Millionen Rentnerinnen und Rentner, was das Rentenniveau angeht, was die Auskömmlichkeit der Rente angeht. Das ist ein wichtiges Zeichen."

Kritesch Stëmmen aus der Oppositioun mee och aus den eegene Reien

Datt d’Gesetz, wat haut gestemmt gouf, just den Ufank vu gréissere Reforme muss sinn, sot och de Johannes Winkel. De Chef vun der Jonker Unioun war ee vun den Haaptgéigner vun de Pläng vun der Regierung. 

Änlech Stëmme kommen och aus der Oppositioun. D’Britta Haßelmann, Fraktiounschefin vum B90/Die Grünen, sot um Mikro vu Phoenix, de Friedrich Merz hätt just mat leschter Kraaft verhënnert, net aus der Kéier ze fléien.

"Wir haben aus guten Gründen mit Nein gestimmt, denn dieses Rentenpaket löst die Sicherung der Altersversorgung der Rente für Jung und Alt in keiner Art und Weise"

Bei der Debatt virun der Ofstëmmung, si sech besonnesch d’B90/Die Grünen an d’Lénkspartei haart ugaangen. Die Linke huet sech haut als Fraktioun integral enthalen – fir d’Resultat war dat finalement net ausschlaggebend, huet der Regierung awer zousätzleche Puffer verschaaft.