arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland decidéiert gréissten Erhéijung vum Mindestloun zënter 10 Joer

Däitschland

|
headphones

1 min

Däitschland decidéiert gréissten Erhéijung vum Mindestloun zënter 10 Joer

An Däitschland huet d‘Regierung déi gréissten Erhéijung vum Mindestloun zënter der Schafung virun 10 Joer decidéiert. E soll an zwou Etappen ëm ronn 70 Cent an d‘Luucht goen an 2027 da bei 14 Euro 60 Cent brutto d‘Stonn leien.

headphones

1 min

Suen | © picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
Suen (Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer)

Domat ass d‘Regierung allerdéngs ënnert de vum Koalitiounspartner, de Sozialisten,  gefuerderte 15 Euro bliwwen.

Ronn 6 Millioune Leit wiere vun der Hausse betraff, esou den däitschen Aarbechtsministère. Däitschland huet den Ament dee 4. héchste Mindestloun an der EU, hannert Lëtzebuerg, Irland an Holland. Hei am Land läit den onqualifizéierte Mindestloun den Ament bei brutto ronn 15 Euro 60 Cent d‘Stonn.