Däitsche Gefligel-Secteur warnt virun de Konsequenze vun der Vullegripp
Wéinst der Vullegripp warnt den däitsche Gefligel-Secteur viru méiglechen Enkpäss bei Eeër a Gefligelfleesch. Fir dat ze verhënneren, missten effizient Mesuren ageféiert ginn, dorënner eng Impfung vun de Gefligel, esou den Zentralverband vun der däitscher Gefligelwirtschaft.
Doudeg Hoergänse ginn uechter Däitschland agesammelt (Foto: picture alliance/dpa | Christophe Gateau)
Honnertdausende Gefligel an Däitschland hätte scho missen dout gemaach ginn. A Bayern rechent de Landesbund fir Vigel an Naturschutz iwwerdeems dermat, datt d‘Vullegripp sech do an de nächste Woche weider wäert ausbreeden.
Och zu Lëtzebuerg huet d‘Liewensmëttel- a Veterinärsinspektioun ALVA d‘lescht Woch schonn zwee Fäll vun der Vullegripp gemellt. Dofir solle Gefligel vun elo un dobanne gehale ginn, esou d‘Recommandatioun vun der ALVA.