arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bundestag beschléisst Gesetzespak fir Steiererliichterungen

Däitschland

|
headphones

1 min

Bundestag beschléisst Gesetzespak fir Steiererliichterungen

Den däitsche Bundestag huet mat de Stëmme vun der schwaarz-rouder Koalitioun (Unioun an SPD) e Gesetzespak fir Steier-Erliichterungen ugeholl. Profitéiere géifen dovun ënner anerem Pendler an d‘Gastronomie.

headphones

1 min

© picture alliance / Flashpic | Jens Krick
(Foto: picture alliance / Flashpic | Jens Krick)

Déi sougenannte Pendlerpauschal soll op 38 Cent pro Kilometer vum éischte Kilometer u gehéicht ginn. An der Gastronomie soll d‘TVA op de Clients-Rechnunge vun 19 op 7 Prozent erofgesat ginn. 

Néideg ass nach d‘Zoustëmmung vum Bundesrat. Déi ass awer net sécher well déi eenzel däitsch Bundeslänner duerch déi geplangten Erliichterungen op Steierrecetten a Milliardenhéicht misste verzichten.