Radioen

On air

Nei Musek  |  E Portrait vum Anders Eliasson

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bulgarien a Rumänien trieden dem Schengeraum bäi

De Schengener Raum wiisst

Bulgarien a Rumänien trieden dem Schengeraum bäi

Gëschter huet déi Spuenesch EU-Presidence iwwer X matgedeelt, datt et een Accord gouf fir de Bäitrëtt vu Bulgarien a Rumänien an de Schengeraum. Deen Accord soll Enn Mäerz a Kraaft trieden.

auto_stories

1 min

Fir den Ament géifen d’Grenzkontrollen iwwer Loft a Mieresgrenzen ewechfalen. Iwwer d’Ophiewe vun de Kontrollen iwwer d’Landesgrenze soll spéiderhin decidéiert ginn.

Bis elo waren 23 vun de 27 EU-Memberstaaten, grad ewéi d’Schwäiz, Liechtenstein, Island, an Norwegen am Schengener Raum dran.

Bis elo huet Éisträich hire Bäitrëtt blockéiert, mam Argument, datt ze vill net registréiert Migrante géifen iwwer béid Länner soss erakommen. Nei Membere kënnen nëmmen iwwert een eestëmmegen Accord dem Schengener Raum bäitrieden.