arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Buergermeeschterin schléisst "Gambia-Koalitioun" net aus

Gemeng Conter

|
headphones

5 min

headphones

11 min

play_arrow

Buergermeeschterin schléisst "Gambia-Koalitioun" net aus

An der Gemeng Conter goufen et Kontakter fir eng CSV-DP-Koalitioun, confirméiert d'Buergermeeschterin Marion Zovilé-Braquet. Si schléisst awer net aus, datt et zu enger Koalitioun DP, LSAP an déi gréng kéint kommen.

headphones

5 min

headphones

11 min

play_arrow
Marion Zovilé-Braquet, Buergermeeschtesch vu Conter | © Morgane Weidig
Marion Zovilé-Braquet, Buergermeeschtesch vu Conter (Foto: Morgane Weidig)

D’Buergermeeschterin Marion Zovilé-Braquet (CSV) huet am 100,7-Interview op déi aktuell politesch Situatioun an der Gemeng Conter reagéiert.

Zwee Méint no der Demissioun vun der LSAP-Schäffin Stéphanie Ansay huet d’LSAP nach keen neie Schäffe genannt.

D’Buergermeeschterin huet confirméiert, datt et informelle Kontakt mat der DP gouf, der zweetstäerkster Partei an der Gemeng Conter, dat mam Zil vun enger CSV-DP-Koalitioun. D’Gespréicher léichen awer elo op Äis, esou d’Marion Zovilé-Braquet.

D’Buergermeeschterin huet net ausgeschloss, datt et zu Conter erëm eng Dräier-Koalitioun DP-LSAP an déi gréng kéint ginn, eng sougenannte Gambia-Koalitioun.

CSV net bereet fir Réckzuch "à l'amiable"

D’CSV wéilt awer no zwee Joer net einfach “d’Bengele bei d’Tromm” geheien. Deemno wéilt ee sech net einfach zeréckzéien. Politik wier kee Spill, esou d’Marion Zovilé-Braquet, déi och zouginn huet, datt d’Situatioun an hirer Gemeng blockéiert ass. Zënter quasi engem Joer wier dat schonn esou.

“Dat ass ganz richteg. Mir kënnen nach just den Daily Business maachen zu zwee Schäffe vun der CSV. (...) Dat huet ganz vill Energie an Zäit kascht an et wier wierklech un der Zäit am Sënn vun eise Matbierger a vun eiser Gemeng, dass erëm kéint do normal emol geschafft ginn. Ouni déi aner Geschichten alleguerten.”

Iergendwann misst een den Tatsaachen awer an d’A kucken, esou eng weider Ausso vun der Marion Zovilé-Braquet am 100,7-Interview.

“Ech mengen, wann elo Gambia kënnt, da soe si eis okay, elo ass Gambia. An da setze mir eis zesummen als CSV an da kucke mir, wat ass dat Bescht fir eis Mataarbechter? Wat ass dat Bescht fir eis Gemeng a wat ass dat Bescht fir eis Bierger?”

Récktrëtt vun der Buergermeeschterin?

Am 100,7-Interview gouf och d’Fro gestallt, ob d’Buergermeeschterin vu Conter, d'Marion Zovilé-Braquet, un ee Récktrëtt geduecht huet. 

“Dee Gedanken, dee kënnt engem. Mee do seet ee sech, wat bréngt et? Et bréngt mir dann eppes, datt ech dann zur Rou kommen. Jo, mee dofir sinn ech net do. An ech mengen, do schléift een dann eng Nuecht driwwer a moies steet en erëm op an da seet een, also elo kucke mir eng Léisung ze fannen. Mir kucken, dass et virugeet.”

Vun de Mataarbechter:inne vun der Gemeng Conter wier si gefrot ginn, si "net am Stach ze loossen", huet d’Buergermeeschterin preziséiert. Dee ganze Sträit géif si awer belaaschten, esou d’Marion Zovilé-Braquet.

“An et geet un d'Substanz. Et geet un d'Nieren. Et geet un d'Gesondheet. Jo, ganz kloer. Mee wéi gesot, soulaang ech nach wibbelen a soulaang ech nach mengen, ech géint nach eppes Positives brénge fir déi Gemeng an haaptsächlech wéi gesot och fir d'Mataarbechter, kämpfen ech nach e bësse virun”

D’Marion Zovilé-Braquet ass zënter 2017 Buergermeeschterin vun der Gemeng Conter.

Gespréicher iwwer Dräierkoalitioun zu Conter geplangt

Et géif ee sech deemnächst zu dräi gesinn, als DP, LSAP an déi gréng Conter: Dat sot den Dali Zhu, Beschtgewielte vun der DP bei de Gemengewale vun 2023, am Gespréich mam Radio 100,7.

Zu Conter steet d’Koalitioun vun CSV an LSAP jo virum Aus, nodeem sech d’Schäffin Stéphanie Ansay vun der LSAP op Grond vun Divergenze mat der CSV-Buergermeeschterin Marion Zovilé-Braquet zeréckgezunn hat.

Fir den Dali Zhu vun der DP Conter hätt een an de leschten zwee Méint Kontakt mat der CSV a mat der LSAP gehat. D’Preferenz géif elo a Richtung LSAP an déi gréng goen, esou de potenziellen zukünftege Buergermeeschter. 

Wuel wier näischt sécher, mee d’Warscheinlechkeet fir eng Dräierkoalitioun wier net kleng. No vage Sondéierungsgespréicher géif een an der Haaptsaach an déi Direktioun goen, seet den DP-Vertrieder, wann och näischt virum Vott vum Gemengebudget am Dezember dëst Joer geschéie kéint.

LSAP: Dräierkoalitioun zu Conter eng Optioun

D'LSAP kann net méi mat der CSV: Dat sot d’LSAP-Deputéiert Claire Delcourt, Zweetgewielt bei de Sozialisten, déi sech awer net als Sproochrouer vun der lokaler LSAP versteet.

Un de Pol Thomé, deen nieft der demissionärer Stéphanie Ansay am Gemengerot sëtzt, si mir um Dënschdegmoien net komm. 

Eng Dräierkoalitioun zu Conter wier eng Optioun an den Zuch op enger gewëssener Schinn, esou d’Deputéiert. An den Ae vum Stéphanie Ansay, déi eis du kontaktéiert huet, ass et iwwerdeems eng Optioun, fir am Fall vun enger Dräierkoalitioun hire Schäffeposten erëmzekréien. Dat géif awer vun der eegener Partei an deenen zwou anere Parteien ofhänken.

déi gréng: bereet fir Dräierkoalitioun

Den Ari Arrensdorff vun déi gréng huet betount, et hätt een zu dräi geschwat, wann och net formell. Hien a seng Partei wieren zu enger Dräierkoalitioun bereet, mee d'DP wier elo um Zuch.

Eng Renconter zu dräi haut oder an den nächsten Deeg wier net virgesinn, mee dat kéint sech kuerzfristeg änneren, esou de grénge Gemengerotsmember. Den Ari Arrensdorff hofft, datt et geschwënn zu Kloerheet a Rou zu Conter kënnt.

play_arrow Lauschteren