search

/ Brutale Virfall am Bouneweger Lycée kritt Konsequenzen

Direktioun confirméiert

|
reading time

1 min

Brutale Virfall am Bouneweger Lycée kritt Konsequenzen

E rezente brutale Virfall am Bouneweger Lycée géif Konsequenze kréien. Dat mellt d'Lëtzebuerger Wort. Viru Kuerzem war e Video vun enger Kläpperei tëschent Jugendlechen an de Soziale Medien opgetaucht.

reading time

1 min

© GilPe (Wikimedia Commons CC BY-SA 4.0)
(Foto: GilPe (Wikimedia Commons CC BY-SA 4.0))

D‘Direktioun vum Bouneweger Lycée hätt confirméiert, datt déi Jonk, déi een hei gesäit, Schüler aus hirem Lycée waren, esou d‘Wort.

Déi ugeschwate Konsequenze géifen an Ofsprooch mam Educatiounsministère geholl ginn. Wat dat am Konkreete bedeit ass net gewosst, esou nach d‘Zeitung.

D‘Police gouf ageschalt.