Aktuell gëtt sech erwaart, datt déi europäesch Majoritéit wäert zustane kommen. Dat, trotz de massive Protester.
Lëtzebuerger Regierung steet hanner dem Accord
Wann et haut um Freideg zu enger Majoritéit kënnt, déi fir de Mercosur-Accord stëmmen, da kann d'Fräihandelsofkommes mat de véier südamerikanesche Staate Brasilien, Argentinien, Uruguay a Paraguay ënnerschriwwe ginn.
Frankräich wäert iwwerdeems dogéint stëmmen. Dat virun allem wéinst dem Drock, dee vun de Bauere gemaach gëtt. Déi protestéiere scho laang géint d'Fräihandelsofkommes.
Och déi Lëtzebuerger Bauerenzentral huet sech an engem Communiqué geäussert a sech enttäuscht iwwer déi Lëtzebuerger Regierung gewisen.
D'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen hat kloergestallt, datt Lëtzebuerg fir den Accord wier.