Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brandmauer mat Rëss: Onkloer, ob wat d'EVP erauswëll

EUROPAPARLAMENT

Brandmauer mat Rëss: Onkloer, ob wat d'EVP erauswëll

No engem Vott déi lescht Woch stelle sech Froen doriwwer, wou genee déi gréisst Fraktioun am Europaparlament, d'EVP, déi rout Linn par Rapport zu de rietsextreeme Fraktiounen zitt.

auto_stories

7 min

headphones

6 min

play_arrow
Foto: picture alliance / Panama Pictures | Dwi Anoraganingrum

Déi nächst Woch gëtt wichteg fir d'Europaparlament. Déi 27 Kandidaten a Kandidatinnen, fir EU-Kommissären ze ginn, gi vun den Europadeputéiert an eenzelen Hearingen an d'Mangel geholl. Ouni den "OK" vum Parlament kann déi nei Ekipp vun der Ursula von der Leyen net ufänken.

Matzen an de Preparatiounen op dee grousse Moment suergt den Ament ee Vott vun där leschter Woch fir gréisser Diskussiounen.  

Keng Zesummenaarbecht mat de rietsextreeme Fraktiounen am Europaparlament. Dat war eng vun de Konditioune vun de Sozialisten, de Liberalen an deene Gréngen, fir d'Kandidatin vun der Europäescher Vollekspartei, d'Ursula von der Leyen, op hirem Wee fir een zweet Mandat un der Spëtzt vun der Kommissioun ze ënnerstëtzen.

Text iwwer Positioun zum EU-Budget gouf verworf

D'EVP awer hält sech net onbedéngt dorun, esou ee Reproche, deen ëmmer méi dacks am Parlament ze héiere war an de leschte Wochen. De Vott de leschten Donneschdeg huet d'Faass zum Iwwerlafe bruecht.

Et goung ëm een Text, an deem d'Positioun vum Parlament fir déi nächst Budgetsverhandlunge festgeschriwwe sollt ginn. Den Negociateur vum Parlament muss elo ouni dee Pabeier an déi Verhandlungen - den Text gouf nämlech verworf, nodeems déi Lénk, déi Gréng, déi Liberal an d'Sozialisten dergéint gestëmmt hunn.

Tilly Metz: "Brandmauer no riets steet net méi"

D'EVP hätt hei rout Linnen iwwerschratt, esou den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel.

"Dofir hu mer och déi Resolutioun iwwer de Budget herno net matgestëmmt, well do net wéi ofgemaach gi war, déi Kompromëssamendementer gestëmmt goufen. Doriwwer eraus sinn awer Amendementer gestëmmt ginn, déi fir eis en No-Go sinn. An do huet op eemol automatesch eng Solidaritéit tëschent Renew a Gréng an déi Lénk gespillt, déi do net matgemaach hunn. A gesot hunn: Nee, esou geet et net."

D'Brandmauer no riets steet net méi, esou d'Reaktioun vun der grénger Europadeputéiert Tilly Metz. D'EVP hätt hei zesumme mat Parteien ofgestëmmt, déi eng Gefor fir d'Demokratie sinn

"Déi Brandmauer, déi steet net méi. An ech muss och éierlech soen, dat huet mech schockéiert,. Et geet hei ëm ganz extreemriets Fraktiounen, wou Parteien ewéi d’AfD, de Rassemblement National an esou weider dra sinn, wou mer wierklech wëssen, wéi geféierlech déi Parteie si fir d'Oprechterhalung vun Demokratien."

Ganz anescht d'Reaktioun um rietse Bord: D'Resultat vun deem Vott wier e Beweis fir déi ëmmer méi grouss Onstëmmegkeeten an där "informeller Koalitioun vu Chrëschtdemokraten, Sozialisten a Liberalen", huet sech e Freideg den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser an engem Communiqué gefreet.

Isabel Wiseler-Lima: EVP kann net géint hir Iwwerzeegung stëmmen

Konkret geet et ëm Amendementer - déi vun den zwou Fraktiounen um rietsextreeme Bord vum Parlament agereecht goufen. Dora gëtt ënner anerem de Finanzement vu Barriären op de Baussegrenze vun der EU duerch europäesch Suen gefuerdert oder awer d’Mise en Place vu Bausse-Lager fir Retoure genee ewéi ee Renforcement vun der Grenz-Agence Frontex proposéiert gëtt.

Punkten, déi och esou an engem Pabeier als Positioun vun der Europäescher Vollekspartei festgehale goufen. Dorop bezitt sech d’Isabel Wiseler-Lima, CSV-Europadeputéiert a Member vun der EVP-Fraktioun. Si huet fir déi Amendementer gestëmmt.

D’EVP kéint net géint hir eegen Iwwerzeegung stëmmen, dat géif, sou d’CSV-Politikerin dono vum rietse Bord populistesch ausgenotzt. Et misst een hei den Text an net den Auteur kucken.

"Mir mussen Abstraktioun maachen, wann en Text dat ass, wat de Grupp wëllt stëmmen, kënne mer net dogéint stëmmen, just nëmmen, well deen Text vun där Fraktioun, mat där mir näischt ze dinn hunn, deposéiert gouf."

Inhaltlech steet d'CSV hanner den Amendementer

Vum Inhalt vum Text distanzéiert sech d'CSV-Europadeputéiert also net, obwuel si sech nach am Februar kritesch par Rapport Iddie wéi Zénk op de Baussegrenze geäussert hat.

Firwat grad elo de Koalitiounspartner an dësem Vott virun de Kapp stoussen?

"Ech mengen, datt mer hei wierklech amgaange sinn op Kommaen ze reiden an einfach wëlle maachen, wéi wann d'EVP hei wéilt mat extreem Rechts zesummegoen, wat a kengem Moment de Fall ass."

Et géif aner Beispiller, wou d'EVP dofir suerge géif, datt déi Riets net duerchkommen, mat deem, wat si Wëlles hunn, betount d'Isabel Wiseler-Lima.

Marc Angel: EVP profitéiert vun "alternativer" Majoritéit

Dat gesäit de Marc Angel anescht. D'Ambiance am Parlament hätt sech geännert, esou den LSAP-Politiker. De Vott vun där leschter Woch stéing do net eleng.

"Och an de Kommissiounssitzungen hu mer matkritt, datt d'EVP oft profitéiert vun där alternativer Majoritéit, déi se huet. Wann dat, wat déi pro-europäesch demokratesch Parteie wëllen, hinnen net gefält, da loosse se sech hir Meenung guttheesche mat de Stëmme vun der ECR, dat ass déi Grupp, wou den Här Kartheiser dran ass, mee awer och vun deenen aneren zwou Gruppen, de Patrioten an déi Souverän, dat heescht d'AfD, all déi rietsextreem Parteien ... vun deene loosse se sech dann eng Majoritéit ginn. An dat ass wierklech erschreckend."

Fir d'Tilly Metz weist d'Resultat vun der leschter Woch, datt d'EU an Zukunft riskéiert, blockéiert ze sinn.

"A wie reift sech dann d’Hänn? Dat sinn déi Extreemriets, déi jo Europa wëlle blockéieren. Dat heescht, si sinn de Gewënner vun esou Aktiounen, wann d'Europäesch Vollekspartei sech ëmmer méi ralliéiert mat den extreem rietse Parteien am Parlament, dann hu mer dat als Resultat."

Isabel Wiseler-Lima: Et gëtt just eng Majoritéit am Europaparlament

D'Isabel Wiseler awer weist de Reproche, d'EVP géif hei mat zwou Majoritéite spillen, zeréck.

"Et gëtt eng Majoritéit, eng Koalitiounsmajoritéit, dat wat mer d'Von-der-Leyen-Majoritéit nennen. An dat ass déi, déi zielt. An dat ass mat där, wou mer solle schaffen. A mat kengem aneren. Mir schaffen net mat deenen aneren."

Nom Vott d'lescht Woch wier d'Conditioun, net mat Rietsextreem zesummenzeschaffen, net méi erfëllt. Dat misst politesch Konsequenzen hunn, fuerdert zum Beispill den Nach-EU-Kommissär Nicolas Schmit op Twitter. 

Sou wäit elo Konsequenzen ze zéien, sinn d’Partner an där pro europäescher Koalitioun den Ament nach net. Et wéilt een elo mol d’Hearingen déi nächst Woch ofwaarden, sou den Marc Angel.

"Ech sinn op jiddwer Fall, wierklech enttäuscht vun der Madamm von der Leyen, ech fille mech e bësse veräppelt och vun hir. Si mécht elo aner Aussoe ewéi nach am Juli. Si schwätzt op eemol vun deene “Return Hubs” fir Migranten an esou weider. Dat ass op eemol eng aner Sprooch, wéi se am Juli geschwat huet. An dat mécht mer schonn Angscht. An doriwwer wäerte mer bestëmmt an eiser Fraktioun, a mat deenen, de Liberalen an de Gréngen doriwwer diskutéieren."

Lauschterenplay_arrow

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.