Déi ëmstridde Presidence vun Ungarn ass elo eriwwer. Polen wäert sech an den nächste 6 Méint staark maachen, fir déi europäesch Verdeedegungs-a Sécherheetspolitik.
D‘Land fäert een Ugrëff vu Russland an investéiert bal 4,7 Prozent vum PIB an d‘Verdeedegung.
A punkto Sécherheet geet et ëm d‘Baussen- a Bannesécherheet, wéi och d‘Sécherheet vun den Informatiounen, der Wirtschaft, der Energie, der Gesondheet an de Liewensmëttel.