Deel vum Schengen-Raum mat enger Fläch vu 4 Millioun Quadratkilometer a knapps 420 Millioun Mënschen ze ginn, ass e grousse Moment fir déi zwee Länner, déi schonn zanter 2007 Deel vun der Europäescher Unioun sinn. An och e grousse Moment fir d'Mënschen a Rumänien a Bulgarien, déi oppe Grenze bis elo net kannt hunn, esou de Buergermeeschter vun der Gemeng Schengen Michel Gloden.
"Mir brauchen net all ze wäit zeréckzegoen, do haten déi Leit aus deene Länner d'Méiglechkeet net, fir iergendwou hinzegoen, ouni datt si sech hu missen ausweisen, bezéiungsweis si hate guer net d‘Méiglechkeet a verschidde Länner ze goen."
Fir dës Leit wier et immens wichteg, an dat géing een och spieren, wann een déi Leit aus deene Länner zu Schenge begéint, esou de Michel Gloden: "Do ass wierklech eng immens Begeeschterung fir de Schengenraum, fir Europa."
E symbolträchtege Moment
Den 1. Januar zejoert war Kroatien als 27. Land an de Schengenraum opgeholl ginn. Mat Bulgarien a Rumänie sinn et elo 29 Länner. Dat heescht och, datt zu Schengen op de Länner-Sailen zwee néi Stären dobäi kommen. All Stär géif speziell fir dat jeeweilegt Land entworf ginn, esou de Michel Gloden.
"Do gëtt eng Form gemaach. Ech soen dann ëmmer, et ass d'Vue vun engem Kënschtler, vun engem Artist, op dat Land, an da gëtt do e Stär ugefäerdegt, an dee gëtt dann an déi Länner-Sail integréiert."
D'Iddi dohannert wier, datt d'Leit d'Länner besser kenneléieren an och bësse roden, ëm wéi ee Land et geet. Iwwer d'Stäre fir Bulgarien a Rumänien hätt ee sech scho Gedanke gemaach.
"Do stellt ee sech wierklech d'Fro: Wat kéint dat sinn? An da gesäit een, déi verschidde Länner si ganz bekannt fir hir Goldproduktioun. An da fënnt ee raus, datt do ganz vill Wäin an deene Länner ugebaut gëtt. D'Karpaten, d’Bierger sinn do."
Den Interessi u Schengen an un der Place des Étoiles wier grouss, esou de Buergermeeschter. Virun e puer Joer wier déi bulgaresch Tëlee op Schengen komm a si hätte sech och fir dëst Joer erëm ugekënnegt, fir dann endlech hire Stär op der Länner-Sail bewonneren ze kënnen.
"Ech mengen, et ass einfach dat Symbolträchtegt, wann een dann offiziell säi Stär an der Länner-Sail zu Schengen huet. Dat bedeit awer ganz vill."
Renovatiounen am Europamusée
Mee net nëmmen dat steet dëst Joer un. De 14. Juni 1985 - also viru 40 Joer - ass de Schengenaccord am Dräi-Länner-Eck tëschent Lëtzebuerg, Frankräich, Däitschland, Holland an der Belsch ënnerschriwwe ginn. Dat um 1. Stack vun der deemoleger Marie-Astrid op der Musel.
D'Schëff, dat an der Tëschenzäit vu Lëtzebuerg zeréckkaf gouf, kënnt am Fréijoer ënner dem Numm Prinzessin Marie-Astrid Europa iwwer de Waasserwee rëm zeréck op Schengen a gëtt Deel vum Europamusée, dee fir de 40. Anniversaire vum Schengenaccord grad renovéiert gëtt, erkläert d'Directrice vum Musée, d'Martina Kneip.
"D'Schëff ass dann éischter sou den zweeten Deel. De Musée gëtt Informatiounen op eng ganz interaktiv Aart a Weis. A wann een dann am zweeten Deel ass, sou ass dat eis Iddi, datt een dann op d'Marie Astrid op d‘Schëff geet. Do huet een dann um ieweschte Stack, wou et deemools och tatsächlech ënnerschriwwe ginn ass, bëssen déi Zeen nogestallt, wéi dat ass, an do soll een e bëssen an déi Aura vun deemools rakommen."
D'"Aura" haut: Wien zu Schengen iwwer d'Musel fiert, muss mat Grenzkontrolle rechnen, egal op fir an d'Saarland oder an d'Lorraine.
Schenge soll gefeiert ginn
A béiden Nopeschlänner gëtt zanter Hierscht erëm op der Grenz kontrolléiert. De Schengenaccord schéngt haut, 40 Joer méi spéit, méi wichteg wéi jee ze sinn, esou de Buergermeeschter vun der wuel bekanntster europäescher Gemeng.
Dofir gëtt den Accord de 14. Juni an der Schengener Gemeng grouss geféiert. A wéi engem Format steet nach net genee fest. Mëtt Januar wäert ee sech mat de Vertrieder:innen zesummesetze fir ze plangen, esou de Michel Gloden. Fest stéing awer, datt et enorm wichteg wier, dat ze feieren.
"Ech mengen, mir hunn de Slogan zu Schengen: 'Schengen is alive', an dat ass immens wichteg a grad lo, mengen ech, ass de Moment komm, wou ee muss de Leit soen, wéi wichteg einfach Schengen ass, an dozou gehéieren och Feierlechkeeten."
Den europäesche Geescht vun oppene Grenze lieft zu Schengen also trotz Grenzkontrolle weider.