De Mann huet mam geklaute Gefier Policeween an aner Autoe beschiedegt. Eng Polizistin ass blesséiert ginn.
D‘Police geet net vun engem terroristeschen Hannergrond aus. Déi ganz Course-Poursuite huet 50 Minutte gedauert, schreift de Spiegel Online.
Méi Detailer iwwer d‘Hannergrënn ginn et fir den Ament vun der Police net.