Radioen

On air

Kultur um 5  |  Del Water Gap And Holly Humberstone - Cigarettes and Wine

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Brand am Stock vun der Air Rescue

Air Rescue

Brand am Stock vun der Air Rescue

Am Stock fir d'medezinescht Material vun der Air Rescue um Findel gouf et de Moie fréi e Brand. Et gëtt e Schued a Milliounenhéicht, esou den Air Rescue-President am 100,7-Interview. Et ass dobäi awer kengem Mënsch eppes geschitt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

De Schued betrëfft an der Haaptsaach medezinescht Material. D'Helikoptere goufe verschount. Dem President René Closter no wieren de Moment nees dräi Maschinnen am Asaz. Bannent den nächsten zwee Deeg wëll een nees komplett operationell sinn. De Brand ass warscheinlech op een Akku zeréckzeféieren.

De Brand ass hënt kuerz viru véier Auer entstanen. D‘Pompjeeë vum Fluchhafe ware séier op der Plaz a konnten dat Schlëmmst verhënneren. D'Ursaach ass warscheinlech een elektreschen Defekt, sou de René Closter.

"Et schéngt esou wéi wann d‘Feier ugaange wier, entweder vun engem Chargeur, engem Ladegerät oder enger Lithium-Batterie, déi dra war. De Schued chiffréiere mir momentan eleng um medezineschem Material op circa 1,7 Milliounen Euro."

Ënner anerem mat der Hëllef vum CGDIS rëm operationell

D‘Helikoptere konnte mat Zäiten aus dem Hangar gezu ginn, sou datt do kee Schued entstanen ass. Een Helikopter war dee Moment voll equipéiert ënnerwee, sou datt och dat Material verschount bliwwen ass.

"Notamment sinn och mat beschiedegt ginn eis dräi héichspezialiséiert Couveusen. Déi si futti. Medezinesch Geräter sinn alleguerte futti. Mir sinn awer vun de Moien u rëm operationell, dank der Hëllef vu verschiddenen Organisatiounen, notamment dem CGDIS vu Lëtzebuerg an der Leitstelle vun Tréier, déi eis spontan een Deel vun de medezinesche Geräter zur Verfügung gestallt hunn."

De Moie war d‘Police judiciaire op der Plaz. Och een Expert vun der Assurance gëtt erwaart. Dem René Closter no wëll ee bis muer den Owend nees komplett operationell sinn. Wéinst dem héije Schued u ganz spezialiséiertem Material wier een awer och op Donen ugewisen, sou nach de René Closter.

Lauschterenplay_arrow