arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Boom bei de Campeng-Vakanzen hei am Land: "Esou eng gutt Saison wéi nach ni"

Tourismus

|
reading time

3 min

Boom bei de Campeng-Vakanzen hei am Land: "Esou eng gutt Saison wéi nach ni"

Dréchent, mee och dat waarmt Wieder dominéiert dësen Summer. Fir d’Campenge wier dat eng positiv Saach, seet d’Florence Bertemes, Presidentin vun der Associatioun vun de Campeng-Bedreiwer Camprilux.

reading time

3 min

© EPA/ROBIN VAN LONKHUIJSEN
(Foto: EPA/ROBIN VAN LONKHUIJSEN)

Zu Lëtzebuerg ginn et eng 60 Campengen déi uechtert Land verspreet sinn. Am Norde ginn et déi meescht, mee och am Mëllerdall kann ee mat der Caravane oder dem Zelt campéiere goen.

"Dat leeft fantastesch"

Bis ewell hätten si eng super Saison, seet d’Florence Bertemes, Presidentin vun der Associatioun Camprilux. 

"D'Occupatioun vun eise Campenger mat den Touristen, dat leeft eigentlech fantastesch."

Vill Touriste géifen dës Joer net de Wee bis an de Süden untrieden. Dat wéinst de "Spannungen an de Geforen" wéi d'Florence Bertemes seet. De Süde vun Europa ass dëst Joer jo mat uerge Bëschféieren geplot. Am Plaz géife vill Touristen dës Saison eeben am Grand-Duché verbréngen.

"Well eis Lëtzebuerger Ländche jo ganz vill ze bidden huet."

Dat "gutt" Wieder géif de Campeng-Bedreiwer natierlech an d'Karte spillen. D'Saison vun de Campenger start ëm Ouschteren a geet bis an d'Summervakanz.

Schonn d'lescht Joer hätt d'Presidentin vun der Associatioun vun de Campeng-Bedreiwer geduecht et wier ee "ganz uewen ukomm", wat den d'Besicherzuelen ugeet. Dës Saison géif een elo awer schonn iwwer dem Prozentsaz vun zejoert léien, an dat schonn Ufank August.

Waasserverbrauch um Campeng 

Wéinst der Dréchent hu jo eng Rei Gemenge beim Waasserverbrauch Restriktiounen annoncéiert. Op d'Fro, ob d’Campengen och dovunner impaktéiert si sot d’Florence Bertemes dat géif vu Gemeng zu Gemeng ofhänken. Si hätt bis elo nach näischt héieren, datt Gemenge Restriktioune fir Campenger verhaangen hätten.

"Well wann e Campeng voll ass, ass e Campeng voll."

Wann e Campeng voll wier, da wier de Waasserverbrauch deementspriechend och méi héich. Et géifen och Famillje ginn déi ee klenge Schwammbaseng mam Drénkwaasser fëllen. Um Campe misst een sou oder sou méi spuersam mam Waasserverbrauch ëmgoen. Ob et do elo een direkten Zesummenhang mat der Hëtzt gëtt wier schwéier ze soen.

"Ech huelen un datt et do keng grouss Differenz gëtt am Verglach mat de Jore virdrun."

Vill Campenge léien no bei Flëss oder Baachen oder grenzen un ee Bësch. Op d'Fro, ob Campenge vun de Verwaltunge spezifesch Recommandatioune wéinst der Dréchent kritt hunn, sot d'Presidentin, Camprilux hätt vum Ministère den Uerder kritt d'Leit ze sensibiliséieren. Dat a Punkto Dréchent an de Risiko, datt Äscht vun de Beem kéinten erof falen. 

D'Leit sollen hire Camper oder hir Zelter net ënnert Beem stellen. An de Bëscher ass et och verbuede Feier ze maachen an et soll een och keng Zigarettestëmp an d'Natur geheien.

D'Florence Bertemes | © Carole Schimmer
D'Florence Bertemes (Foto: Carole Schimmer)

Rappel: Kee Waasser aus de Baachen drénken

"An natierlech mam Grillen, datt se da mat de Kuelen, wierklech déi sollen ofkille loossen oder da vläicht froen, wou se déi kënnen entsuergen, mee si sollen se op jidde Fall net an d'Wiss oder jo natierlech och net an d'Flëss schmäissen." 

D'Waasserwirtschaftsamt hätt och nach eemol rappeléiert, datt een net aus de Flëss sollen drénken an och kee Waasser aus de Flëss soll fir divers Zwecker eraus huelen.

D’Campenge ware jo bis elo éischter mat den Iwwerschwemmunge konfrontéiert. A wéiwäit ginn et Rettungspläng am Fall vun engem Brand?

Et géif een den Ament een neie Leaderprojet mat de Bedreiwer an der Regioun Mëllerdall a mat de Campenger am Éislek ausschaffen.

"Dat heescht, mir hunn do elo ganz vill Institutiounen ugeschriwwen, wou mer elo eng ganz grouss Reunioun hunn, wou mer da mat de Gemenge, mam CGDIS, mat der ANF"

Ee Rettungsplang de base hätt ee souwisou awer schonn.