An der Lescht waren e puer gréisser Lëtzebuerger Organisatiounen Affer vun enger Cyberattack ginn: ARCUS, de Bedreiwer vu Maison-relaisen, a virun e puer Deeg och d’Chambre des Salariés.
Déi Cyberkriminell profitéiere vun de Vakanzen
Leider wier dat keen Zoufall, seet de CEO vum House of Cybersecurity, de Pascal Steichen, am 100,7-Interview. D’Cyberkriminalitéit géing an de Vakanzeperioden definitiv klammen. Dat selwecht och weekends oder op Feierdeeg.
“Déi Kriminell profitéieren dann dovunner, datt net jiddereen do ass fir Attacken ze detektéieren.”
Mee net just am Summer leeft ee Gefor, Affer vun engem Cyberugrëff ze ginn. Och fir de Rescht vum Joer sinn d’Fäll an de leschte Joren ëmmer nees an d’Luucht gaang.
Bis zu 50 Fäll pro Joer, bei deene Schued entsteet
D’House of Cybersecurity traitéiert pro Mount ronn 1.000 Fäll. De Pascal Steichen erkläert, datt ee pro Joer tëschent 30 a 50 “gréisser Incidenten” huet. Dëst si Fäll, wou dann och effektiv Schued entsteet, wat bei den aneren Incidenten net muss de Fall sinn.
Déi Kriminell, déi hanner deenen Attacke stiechen, géinge sech och ëmmer besser organiséieren. An deem Hibléck spillt d’KI eng grouss Roll. Mat Hëllef vun der Kënschtlecher Intelligenz kéinten déi Cyberkriminell zum Beispill rausfannen, wéini déi beschten Zäit ass fir eng Cyberattack ze starten.
“Alles, wat Fishing-Attacke sinn, oder eenzel Persoune betreffen, leeft vill méi geziilt, méi professionell, anet kann ee bal net méi den Ënnerscheed gesinn tëschent echte Facteuren a Fake.”
KI kann also vill recherchéieren a Saachen iwwer déi Leit rausfannen, déi attackéiert solle ginn.
Och KI kann hanner Cyberattacke stiechen
Selwer Attacke starte mécht déi Kënschtlech Intelligenz an der Reegel nach net. Se gëtt just genotzt, fir Attacken ze preparéieren: Schwaachstelle rausfannen an intressant Ziler detektéieren.
An den USA awer hu verschidde KI-Modeller awer scho selbstänneg probéiert, Cyberugrëffer ze lancéieren. US-Tech-Firmen hunn dorop opmierksam gemaach nodeems si dës Modeller an engem kontrolléierten Ëmfeld getest haten.
De Pascal Steichen mengt awer, datt dat an Europa manner e Problem wier. Hei wier de gesetzleche Kader méi strikt.
Natierlech kann een trotzdeem Affer vun enger KI-initiéierter Attack ginn, mee europäesch Modeller wäerten dës net starten – fir de Moment op jiddefalls.
“An Amerika an a China gëtt dat zum Deel méi locker gekuckt.”
Vill Cyberattacke ginn zum Deel nach net gemellt
Eng vun den Haaptaufgabe vum House of Cybersecurity ass et, eenzel Leit an Entreprisen iwwer de Schutz géint d’Cyberattacken opzeklären. Do kann och – ironescherweis – KI hëllefen.
De Problem léich aktuell awer doranner, datt vill Entreprisen esou Attacken nach ëmmer net séier genuch erkennen a se dofir ze spéit – oder guer net - mellen.
“Wat nach ëmmer wichteg ass fir eenzel Entreprisen, relativ schnell genuch ze erkennen, datt een Hëllef brauch a sech Hëllef siche geet. (...) Et ginn eng ganz Rei vu Gesetzer, déi een obligéieren, fir Saachen ze mellen. Net just fir eng Statistik ze erfaassen, mee och fir ze hëllefen.”
Vill Entreprisen oder eenzel Leit wéissten och guer net, datt een Hëllef kréie kann. Dem Pascal Steichen säi Message ass dofir: “Mir sinn do, och aner Strukture sinn do.” Et géingen och Firmae ginn, déi Servicer an deem Beräich ubidden.
"De Beräich vun der Cybersecurity ass multidisziplinär ginn"
Fir eenzel Persounen ass den Internetsite cyberfraude.lu eng Ulafstell. Hei hu sech knapp 15 verschidden Acteuren zesummegesat fir dem Bierger d’Méiglechkeet ze ginn, Hëllef ze fannen.
Eng zentral national Ulafstell gëtt et awer nach net. De Grond: All Cyberattack ass aneschters, erkläert de Pascal Stiechen.
“Do brauch een ëmmer verschidden Acteuren. De Beräich vun der Cybersecurity ass multidisziplinär ginn.”
Wann ee sech awer net op där richteger Stell mellt, esou soll een awer an Zukunft besser weidergeleet ginn, fir datt net all Eenzelnen dat selwer muss erausfannen, verséchert de Pascal Steichen.
Kleng Entreprisë sinn dacks am Nodeel - kënnen awer och vun hirer Gréisst profitéieren
Nieft der Reaktivitéit, déi am Beräich Cybersecurity weider eng Baustell bleift, muss och nach de Krisemanagement verbessert ginn, betount de CEO vum House of Cybersecurity. Do géing aktuell awer vill dru geschafft ginn.
Iwwerdeems wier net ee Secteur, dee méi vulnerabel ass wéi een aneren. Vill méi kéim et op d’Gréisst vun der Entreprise un.
"Kleng Entreprisen hu manner Ressourcen, hunn net ëmmer spezialiséiert Leit, a sinn an deem Sënn méi ufälleg fir technesch Attacken. Deelweis awer manner ufälleg fir Fishing-Attacken, well jidderee sech kennt."
Esou kéint an enger klenger Entreprise e Bedruch och ganz séier opgedeckt ginn, esou nach de Pascal Steichen.