Déi geschate Gesamtkäschte fir de ganzen neie System leie bei 226 Milliounen Euro vun 2026 bis 2030.
D’Oppositioun huet dës héich Käschten de Moie kritiséiert. Wéinst der Ausschreiwungsprozedur hat Enn Abrëll eng Entreprise Recours beim Verwaltungsgeriicht gemaach: Dat kéint fir Retard suergen, hat de Magasinn Reporter.lu Enn Juni gemellt.
Dem Finanzminister Gilles Roth (CSV) huet de Moien erkläert, datt et doduerch awer keen Afloss op déi geplangte Steierreform soll ginn.