arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 30 Joer e-Lake Festival um Iechternacher Séi - Wéi lafen d'Preparatiounen of?

Festival

|
reading time

3 min

30 Joer e-Lake Festival um Iechternacher Séi - Wéi lafen d'Preparatiounen of?

Zënter 30 Joer gëtt et den e-Lake. E Festival, deen iwwer dräi Deeg geet, an dee vum Club des Jeunes Iechternach an d'Liewe geruff gouf. Haut den Owend mécht de Festival seng Dieren op an ass grad a senge leschte Preparatiounen. Wéi lafen déi of?

reading time

3 min

De Festival hätt sech an deene leschten 30 Joer staark verännert. Ugefaangen hätt ee mat just enger Béierbud an engem klenge Grill. Haut géifen iwwer 20.000 Leit de Festival besichen, soen de Frank Rippinger an de Jempi Hoffmann aus dem Organisatiounscomité. 

"Et ass eng kleng Institutioun ginn. No 30 Joer si mir quasi deen eelste Festival, deen et hei zu Lëtzebuerg gëtt an deen net vu senge Prinzippie geréckelt huet."

Derbäi kéim, datt ee ganz vill verschidde Museksgenre géif ubidden an eng flott Location hätt, esou d'Organisateuren. 

Ugewisen op Benevollen

Iwwer dat ganzt Joer géif een de Festival organiséieren. Mëttlerweil géif een och vill Ënnerstëtzung vun der Stad Iechternach, dem Staat an eben och vun den iwwer 200 Fräiwëllege kréien.

"Dat ass och dat, wat si hei spieren. Si ginn hei ganz flott bekäschtegt, si hunn e flotte Festival, si kënne sech hei och austoben. Et ass net nëmme schaffen, schaffen, schaffen, mee et ass awer och sech dobäi amuséieren."

Den Entrée wier och weiderhi gratis. Duerch de Verkaf vum Gedrénks an Iessen op der Plaz géif ee Suen erakréien. Fir de Recht wier een op Sponsoren a Benevollen ugewisen. 

Keng Entrée heescht manner Budget

Dat géif awer och mat sech bréngen, datt een den Artisten an Artistinnen, déi optrieden, keng 100 Prozent Gage bezuele kéint. Iwwer gutt Kontakter a Frëndschaften an den Agencë géif een trotzdeem grouss Kënschtler:innen op d'Bün kréien. 

"Éischtens hu mir kee Budget dofir, wa mir keng Entrée froen an zweetens de Spirit, dee mir deemools an d'Liewe geruff hunn, fir e Festival vu Jonker fir Jonker, ass bei den Agencen nach ëmmer e bëssen do."

Den e-Lake ass ee Safer Night Event. Deemno ass ënner anerem de Pipapo op der Plaz. 

"Fir preventiv am Drogeberäich ze schaffen. Do gi si verschidde Servicer un, wou een och ka seng Saache préiwe loossen, wann ee muss eppes huelen oder e wëllt eppes huelen oder esou, datt ee sech dat analyséiere ka loossen." 

e-Lake als Safer Night Event

Et géifen awer och Agenten iwwer de Festival trëppelen, déi mof Westen unhunn, un déi Leit sech direkt riichte kënnen. 

"Wa si sech iergendwéi an iergendenger Aart a Weis bedrot fillen oder onsécher fillen oder onwuel fillen oder einfach net gutt fillen, kënne si Leit och einfach uschwätzen, fir eng Hëllef ze froen. Dat ass dann einfach eng ganz diskret Aart a Weis."

Och d'Police, de CGDIS an d'Pompjeeë wieren op der Plaz fir fir d'Sécherheet vun de Leit ze suergen, esou nach d'Organisateuren.