arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 122 Leit hunn am Juli eng Demande fir internationale Schutz zu Lëtzebuerg gemaach

Migratioun

|
reading time

1 min

122 Leit hunn am Juli eng Demande fir internationale Schutz zu Lëtzebuerg gemaach

De leschte Mount hunn 122 Leit eng Demande fir internationale Schutz zu Lëtzebuerg gemaach. Dat weisen déi nei Zuele vun der Immigratiounsdirektioun. Déi meescht vun den Demandë koume vu Leit aus Eritrea, Syrien a Venezuela.

reading time

1 min

© EPA/ROLEX DELA PENA
(Foto: EPA/ROLEX DELA PENA)

De Statut vum Flüchtling kruten am Juli 45 Leit accordéiert, wärend 48 Persounen dee Statut ofgeleent kruten.

Do dernieft hunn am Juli 67 Persounen eng Demande fir temporäre Schutz gemaach. Déi waren all vu Persounen aus der Ukrain.

65 Demande fir temporäre Schutz goufen am Juli ugeholl.