arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bedruchsaffär am Immigratiounsberäich: ADR fuerdert och en Audit bei Asylprozeduren

Migratioun

|
reading time

1 min

Bedruchsaffär am Immigratiounsberäich: ADR fuerdert och en Audit bei Asylprozeduren

D'ADR fuerdert am Zesummenhang mat der presuméierter Bedruchsaffär am Immigratiounsberäich och en Audit vun den Asylprozeduren. An engem Communiqué schreift d'ADR, si géif begréissen, datt den Inneminister Léon Gloden en Audit bei der Immigratiounsdirektioun an Optrag gouf.

reading time

1 min

© Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)

Dat géif awer net duergoen, och d‘Asylprozedure missten iwwerpréift ginn, esou d‘ADR. 

Eng deementspriechend Demande vum ADR-Deputéierten Tom Weidig wier awer vum CSV-Minister Léon Gloden an enger Sëtzung vun der zoustänneger Chamberkommissioun gëschter ofgeleent ginn. Dat wier eng Feelentscheedung, esou d‘ADR-Fraktioun.