Duerno géife se net méi verlängert ginn, sot de Finanzminister. Dat wier eng Decisioun, déi eleng d‘CSSF virun zwee Méint geholl hätt.
D‘Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International hat gëschter Mëtteg op der Areler Strooss ee Protest virun der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur CSSF organiséiert.
D‘CSSF reguléiert d‘Vente vun de Israel Bonds an der EU. Amnesty International no géif Lëtzebuerg doduerch riskéiere sech un engem Genozid vun Israel géint d‘Palästinenser an der Gazasträif mat schëlleg ze maachen.