Radioen

On air

Moiesstudio  |  Bibio - A Matter Of Fact

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bommenalarm op ville franséische Fluchhäfen

130 Flich goufen annuléiert

Bommenalarm op ville franséische Fluchhäfen

Bei de meeschte grousse franséische Fluchhäfe gouf et gëschter Bommenalarm. Just zwee Paräisser Fluchhäfe waren net betraff.

auto_stories

1 min

De Rescht huet missen evakuéiert ginn. 130 Flich sinn annuléiert ginn.

An de leschten Deeg heefen dës Bommenalarme sech.  Gëschter huet d‘Schlass vu Versailles och op en neits misse wéinst engem Terroralarm evakuéiert ginn: fir d‘drëtt dës Woch. De franséische Justizminister Eric Dupont Moretti huet annoncéiert, datt dat keng Witzer wieren, an datt d‘Auteure vun den Alarme géife gestrooft ginn.