Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Boeing kéint strofrechtlech verfollegt ginn

Accidenter mat der 737-Max

Boeing kéint strofrechtlech verfollegt ginn

Den amerikanesche Fligerkonstrukteur Boeing kéint eventuell strofrechtlech verfollegt ginn. Dat wéinst zwee déidlechen Accidenter vu 737-Max Fligeren, déi erofgefall waren. Dat huet en amerikanesche Justizministère matgedeelt.

auto_stories

1 min

© Foto: Global Panorama / Flickr
Foto: Global Panorama / Flickr

An engem Schreiwes un ee Geriicht am Texas heescht et, Boeing hätt géint Obligatiounen an engem Accord verstouss, deen d‘Firma viru juristesche Schrëtt soll schützen.

346 Leit waren ëm d‘Liewe komm nodeems 2018 a 2019 zwee Boeing 737-Max Fligeren erofgefall waren. Och dëst Joer goufe bei Boeing Fligere Produktiounsfeeler festgestallt.