D’Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement Ecologique, annoncéiert am 100,7 Interview, et hätt ee gemëscht Gefiller a Bezuch op den neie Regierungsprogramm. Et géifen engersäits gutt a konkret Mesurë virgeschloen, mee op der anerer Säit och grondsätzlech Froen net beäntwert ginn.
Positiv Usätz
D’Blanche Weber begréisst, datt déi nei Regierung an der Kontinuitéit wier, wat Theme wéi den nationalen Naturschutzplang oder de Klima- an Energieplang ugeet. Positiv wier och, datt am Regierungsprogramm vill konkret Mesurë stéingen.
D’Haaptsuerg vum Mouvement Ecologique
Et stéingen allerdéngs ze vill Instrumenter am Programm, déi net a Richtung nohalteg Entwécklunge géife goen, stellt d’Blanche Weber fest. Grad de Steiersystem géif den Ament déi falsch Ureizer ginn.
“Et ass am Ablack, salopp gesot, méi bëlleg d’Ëmwelt ze zerstéieren, wéi d’Ëmwelt ze erhalen duerch den abléckleche Steiersystem.”
De Staat géif falsch investéieren an ënner anerem Milliounen ausginn, déi d’Klima- an d’Biodiversitéitskris géife befeieren. Et misst ee reforméieren am Plaz ëmmer nëmmen drop ze setzen. Dat wier net zilféierend, kritiséiert d’Presidentin vum Mouvement Ecologique.
Méi kloer Positioun gefuerdert
D’Blanche Weber wëllt sech nach net festleeën, ob CSV an DP d’Drénglechkeet vun de Krisen erkannt hunn. D’Presidentin vum Mouvement Ecologique betount, datt d’aktuell Fakten no Initiativ an enger klorer Positioun froen, well een net un der Klima- a Biodiversitéitskris laanscht géing kommen. Dës kloer Positioun wier allerdéngs net onbedéngt vun der neier Regierung ginn.
“Ech mengen, datt se éierlech gesot, an dëser Phase struewelen. Datt do vill Diskussioune lafen.”
Beispillsweis schreift d’Regierung an hirem neie Programm, datt si bei Frankräich an der Belsch wéilten intervenéiere fir d’Zoumaache vun Atom-Zentralen ze erreechen. Onkloer géif awer bleiwen, ob d’Regierung fir oder géint den Import vun Atomstroum ass.
D’Blanche Weber ass der Meenung, et géif elo vun der Zivilgesellschaft an den nohaltegen a progressive Kräfte bei CSV an DP ofhänken, fir eng Richtung vir ze ginn.