Radioen

On air

Notturno  |  Idris Muhammad - Could Heaven Ever Be Like This

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Biden rifft zur Eenheet op - Trump reest op de republikanesche Parteidag

Een Dag nom Attentat

Biden rifft zur Eenheet op - Trump reest op de republikanesche Parteidag

Nom Attentat gëschter op de fréieren US-President Donald Trump huet den Joe Biden sech un déi amerikanesch Natioun adresséiert. Den US-President huet zur Eenheet opgeruff a viru Gewalt am Walkampf gewarnt. Meenungsënnerscheeder géif een un der Walurn léisen an net mat Kugelen, esou den Joe Biden.

auto_stories

1 min

Joe Biden | © picture alliance / Consolidated News Photos | Erin Schaff - Pool via CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Erin Schaff - Pool via CNP

Den Donald Trump ass trotz dem Attentat op Milwaukee gereest. Do fänkt den Owend de republikanesche Parteidag un, wou den Donald Trump offiziell als Presidentschaftskandidat vun de Republikaner wäert nominéiert ginn.

Den Donald Trump war gëschter um Sonndeg bei enger Walveranstaltung am Staat Pennsylvania vun enger Kugel um Ouer getraff a blesséiert ginn. Ee Spectateur koum ëm d'Liewen an zwee goufe schwéier blesséiert.

Den Attentäter, den 20-Joer alen US-Amerikaner Thomas Crooks, gouf vu Sécherheetsagenten erschoss. Säi Motiv bleift onkloer. Den FBI enquêtéiert a sot, bis elo géif et keng Indicë ginn, datt den Täter ideologesch motivéiert war. US-Medien no war hien als Republikaner am Walregëster agedroen. Hie soll och op d'mannst eemol un en demokratesche Grupp gespent hunn.