Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Marshall Allen - African Sunset

play_arrow Live
search

/ Beweisstéck an engem Mordfall: Belsch Police sicht Leit, déi sech mat Broderie auskennen

Opruff vun der belscher Police

Beweisstéck an engem Mordfall: Belsch Police sicht Leit, déi sech mat Broderie auskennen

Déi belsch Police mécht een Opruff hei zu Lëtzebuerg wéinst engem Läinduch (Lëlldech): d‘Police vun Neufchâteau sicht Informatiounen iwwert dat antikt Läinduch.

auto_stories

1 min

Läinduch | © Maite Oñate / Unsplash
Läinduch (Foto: Maite Oñate / Unsplash)

D'Läinduch ass 224 op 140 Zentimeter grouss, aus hellem Kotteng, beim Bord sinn d‘Initiale WK drop brodéiert. Déi belsch Police sicht virun allem no Leit, déi sech mat Broderie auskennen. Si solle sech bei der belscher Police mellen.

Dat Läinduch wier ee Beweisstéck an engem Mordfall. Doranner war nämlech 2008 d‘Läich vun engem Puppelchen, dat e puer Stonnen al war, agewéckelt. Scouten haten déi Läich an engem Dännebësch bei Baaschtnech fonnt.