Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Balthazar - Losers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bestellunge vu Covid-Vaccinen: d'Piraten waarden nach ëmmer op Äntwerte vun der Regierung

1,1 Milliounen Dosisse goufen zerstéiert

Bestellunge vu Covid-Vaccinen: d'Piraten waarden nach ëmmer op Äntwerte vun der Regierung

Firwat refüséierten zwou Regierungen, déi al an déi nei, fir d‘Kontrakter oppen ze leeë mat deenen an der Pandemie Covid-Vaccine bestallt goufen? Déi Fro stellt den Deputéierte vun de Piraten Sven Clement zanter dem Januar 2021.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: picture alliance / Pacific Press

Ëmmerhi wieren eng 67 Milliounen Euro dofir ausgi ginn. Iwwer 1,1 Milliounen Dosisse goufen zerstéiert, ronn 464.000 sollen nach geliwwert ginn.

De Sven Clement interesséiert sech virun allem fir d‘Conditioune vun der Bestellung an iwwert déi laang Lafdauer vu fënnef Joer. Hie gesäit sech am Recht fir déi Informatiounen ze kréien.

"Ech mengen, et ginn zwou juristesch Basissen: dat Eent, dat ass de sougenannten Arrêt Clement, wou ech deemools Accès zum CLT-UFA Kontrakt erstridden hunn, wou d‘Cour administrative gesot huet, d‘Deputéierten hunn dat Recht d‘Dokumenter ze kucken. An dat Zweet, dat ass déi nei Verfassung, déi ganz kloer seet, een Deputéierten huet d‘Recht fir Dokumenter vun der Regierung ze froen. A béides mengen ech misst méi wéi duer goen, datt d‘Regierung hei géif Transparenz walte loossen."

Parallel huet den Deputéierten och eng Plainte beim Verwaltungsgeriicht agereecht. Hei soll awer réischt an engem Joer plädéiert ginn.

De Sven Clement am Tounplay_arrow