Radioen

On air

Kultur um 5  |  Laurel - Burning Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 3 Deeg Bedenkzäit tëscht Berodung an Ofdreiwung soll ofgeschaaft ginn

Santé

3 Deeg Bedenkzäit tëscht Berodung an Ofdreiwung soll ofgeschaaft ginn

D‘Bedenkzäit vun 3 Deeg tëscht der gesetzlecher Berodung an der Ofdreiwung soll direkt ofgeschaaft ginn. Dat huet de Gesondheetsministère eis op Nofro hi matgedeelt. Dat ass am Koalitiounsvertrag vun CSV an DP virgesinn. De Gesondheetsministère hätt decidéiert, déi Bedenkzäit elo direkt ofzeschafen.

auto_stories

1 min

Doktor | © Unsplash / National Cancer Institute
Foto: Unsplash / National Cancer Institute

Et war eng laangjäreg Fuerderung vum Planning familial, deen dës Prozedur als entmündegent bezeechent an dës Decisioun begréisst, sou d'Ainhoa Achutegui, Presidentin vum Planning Familial.

"Et si Fraen derbäi, déi eng zweet Consultatioun brauchen a se och wëllen. Et sinn awer och déi derbäi, déi dat net wëllen, oder net brauchen, a dat muss déi Fra u sech selwer kënnen auswielen. An wann eng Fra eng Bedenkzäit braucht, da kann et och méi laang sinn, véier fënnef Deeg. Mee dat muss ëmmer d'Decisioun si vun der betraffener Persoun."

Wat eng Verlängerung vun den Delaie fir eng Ofdreiwung betrëfft – vun 12 op 14 Wochen - do géif een den Ament nach op den Avis vun der nationaler Ethikkommissioun waarden