Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg soll nach dës Legislaturperiod ee Pandemiegesetz kréien

Joresversammlung vun der WHO

Lëtzebuerg soll nach dës Legislaturperiod ee Pandemiegesetz kréien

Zu Genf ass nach bis e Samschden déi 77. Joresversammlung vun der Weltgesondheetsorganisatioun. Déi 194 Memberlänner vun der WHO wëllen ënnert anerem Richtlinne fir d‘Prioritéite fir déi nächst véier Joer festleeën. No iwwer zwee Joer Verhandlunge konnte sech d‘Memberlänner allerdéngs net op ee gemeinsaamt Pandemieofkommes eenegen. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Martine Deprez | © Florian Rogner play_arrow
Foto: SIP / Florian Rogner

Op e puer Punkte wiere sech d‘Memberlänner nach net eens. Dofir wier den Traité net wéi geplangt ugeholl ginn, erkläert d’Gesondheetsministesch Martine Deprez, déi fir eng éischte Kéier deelgeholl huet. Virun allem um techneschen Niveau misst nach diskutéiert ginn.

"Zum Beispill iwwer intellektuell Proprietéite vu Vaccinen, vu Medikamenter, vun 'dispositifs médicaux', déi dann op enger Plaz entwéckelt ginn. An deen, dee se entwéckelt huet, deen hätt jo och gären eppes dofir. An da muss ee kucken a wéi fern an enger Situation d’urgence kënnen esou Proprietéitsrechter eventuell opgehuewen oder derogéiert ginn."

Dat wier ee wichtegen Dossier, deen een net einfach esou vun haut op muer kéint diskutéieren, esou d’Martine Deprez. 

Trotz WHO: Souveränitéit vun de Länner ass garantéiert

D’Memberlänner wiere sech awer weiderhin eens, datt een e weltwäit Pandemieofkommes brauch, an datt weider misst diskutéiert ginn.

"An deem Sënn, datt dat, wat bis elo erreecht ginn ass, och muss gefestegt ginn. An da misst eng gewëssen Zäit - sechs Méint, ee Joer, annerhalleft Joer - nach eng Perspektiv ginn, fir déi Punkten, déi nach musse gekläert ginn, ze klären."

D’CSV-Gesondheetsministesch betount iwwerdeems, datt d’WHO Recommandatioune gëtt an deemno net kann decidéieren, wat all Land soll, dierf oder muss maachen. D‘Souveränitéit vun den eenzele Länner wier duerch ee gemeinsaamt Ofkommes net a Fro gestallt.

"All Land orientéiert sech un de Recommandatioune vun der OMS, mee ka selwer decidéieren, a wéi fern et a sengem Land Saachen implementéiert, 'en cas d’urgence'. Awer wierklech just 'en cas d’urgence'."

Pandemiegesetz: Aner Dossieren hu Prioritéit

Och op nationalem Niveau soll e Pandemiegesetz kommen. Der Gesondheetsministesch no wier sécher, datt dat nach an dëser Legislaturperiod soll fäerdeg ginn.

Et hätt een awer nach aner Prioritéiten, déi ee virdru misst attackéieren, betount d’Martine Deprez, ewéi zum Beispill de Volet Präventioun an d’Promotioun vun der Gesondheet an de Volet vun der Santé mentale.

Lauschterenplay_arrow