Radioen

On air

Resonanzen  |  Franz Schubert - Sinfonie Nr.7 a Mi Majeur, D 729, III. Scherzo a Trio - Münchner Symphoniker, Kevin John Edusei (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Téléconsultatioune bei Doktere verléieren hir Legalitéit

Santé

Téléconsultatioune bei Doktere verléieren hir Legalitéit

Vum 1. Juli hunn d‘Téléconsultatioune bei den Doktere keng legal Basis méi. Dës waren am Abrëll 2020 wärend der Covid-Pandemie agefouert ginn. E permanent Gesetz soll awer an Zukunft agefouert ginn.

auto_stories

1 min

Dokter Teleconsultatioun | © Bigstock
Foto: Dragos Condrea / Bigstock

Déi provisoresch Ordonnance ministérielle dofir leeft elo den 30. Juni of a soll duerch e Gesetz permanent agefouert ginn. Dee Gesetzesprojet awer wier nach net prett, confirméiert d‘Gesondheetsministesch Dofir hunn d‘Téléconsultatioune bei Doktere vum 1. Juli u keng legal Basis méi.

Dëst Joer goufen et 11.750 Téléconsultatiounen. Dat mécht 1 Prozent vun alle Consultatioune bei Dokteren aus. Am Covid-Joer 2020 hunn d‘Téléconsultatiounen 13 Prozent ausgemaach.