arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Besser Konditioune fir Autoen, awer net fir Wäin a Spirituosen

EU-US-ACCORD PUBLIZÉIERT

|
headphones

2 min

Besser Konditioune fir Autoen, awer net fir Wäin a Spirituosen

D’EU an d’USA hunn eng gemeinsam Deklaratioun iwwer den Accord iwwer d'Douanestaxe publizéiert. Deemno gëllen och fir Autoen Tariffer vu 15 Prozent. Den Alkoholssecteur fält weiderhin net ënner den Accord. 

headphones

2 min

Vizepresident vun der Europäescher Kommissioun Maros Sefcovic | © EPA/OLIVIER HOSLET
Vizepresident vun der Europäescher Kommissioun Maros Sefcovic (Foto: EPA/OLIVIER HOSLET)

An Däitschland otemt d'Autosindustrie op, a Frankräich an an Italien mussen dergéint d’Exportateure vu Wäi weider op ee besseren Deal hoffen. D’Europäesch Unioun an d’USA hunn d’Detailer iwwert den Accord iwwer d'Douanestaxe vun Enn Juli schrëftlech festgeluecht an eng gemeinsam Deklaratioun publizéiert. 

Vum 1. August un: Douanestax vu 15 Prozent op Autoen

Doraus geet ervir, datt d’Douanestaxe vu 15 Prozent elo och op Exporter fir Autoe gëllen. D’Taxe fir Autoen, déi an d’USA exportéiert ginn, solle réckwierkend op den 1. August op 15 Prozent erofgesat ginn. Bis elo louchen se bei 27,5 Prozent D’Konditioun dofir ass, datt d’Kommissioun déi néideg legislativ Texter bis Enn August op den Dësch leet. 

Et géif een alles dru setzen, dat ze maachen, sot den Donneschegmëtteg de Vizepresident vun der Europäescher Kommissioun, de Maros Sefcovic. D’Europäesch Kommissioun stéing voll a ganz hannert dem Deal.  

"Et ass ee seriöe strategeschen Deal. D’Alternativ wier een Handelskrich mat haushéijen Taxen a politeschen Eskalatiounen, wat kengem géif hëllefen an de Konsumenten an der Ekonomie souwuel an der EU ewéi an den USA schueden."

Keen Deal fir Aluminium a Wäin

Aluminium a Stol falen net ënnert den Accord. Dat nämmlecht gëllt fir Wäin a Spirituosen. Virun allem Frankräich, Irland an Italien hate gehofft, datt ee fir dee Secteur kéint besser Konditiounen aushandelen.

Den EU-Kommissär huet et bedauert, datt d’Kommissioun dat bis elo net fäerdeg bruecht huet.

"D’Dier ass net fir ëmmer zou, mir schaffe weider drun, mat der Zäit d’Zuel vun de Secteure mat méi nidderegen Tariffer ze erweideren. Dovu kéinte béid Säite profitéieren."

Een Delai bis wéini een hei nach mat Ännerunge rechne kéint, wollt de Slowak net nennen. Et wier een zouversiichtlech, datt d’Lëscht vun de Secteure kann erweidert ginn, sot een EU-Diplomat.

EU mécht Verspriechen iwwert Investissementer

D’EU stellt hirersäits am elo publizéierten Accord an Aussiicht, den USA Energie am Wäert vu 750 Milliarden Dollar ofzekafen, genee ewéi 600 Milliarden US-Dollar an den USA ze investéieren.

Den Text geet hei net an den Detail. D’Engagementer vun der EU sinn net verbindlech festgeluecht. Dat nämmlecht gëllt allerdéngs fir d’Héicht vun den Taxen. D’USA kënnen d’Tariffer eesäiteg erhéijen, wann den Accord net ëmgesat gëtt.