arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bëschbrand am Héije Venn warscheinlech duerch landwirtschaftlech Maschinn ausgeléist

Belsch

|
reading time

1 min

Bëschbrand am Héije Venn warscheinlech duerch landwirtschaftlech Maschinn ausgeléist

De Bëschbrand am Héiche Venn an der Belsch kéint éischten Erkenntnisser no duerch d‘Aktivitéite mat enger landwirtschaftlecher Maschinn ausgeléist gi sinn. Dat mellt Le Soir mat Verweis op ee Communiqué vum Parquet vu Leck.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Christoph Reichwein
(Foto: picture alliance/dpa | Christoph Reichwein)

Et kéint een nach keng definitiv Conclusioun zéien, mee et géif een dës Pist genee analyséieren, heescht et.

Zwee Experten - ee Brand-Expert an ee Spezialist vu Gefierer - wieren dofir designéiert ginn. Et kéint awer e puer Méint dauere bis déi definitiv Rapporte vun den techneschen Analysen disponibel wieren, esou nach Le Soir.

Am Kader vum Bëschbrand leeft eng Enquête wéinst incendie involontaire.