Zënter haut de Moie ginn Drone benotzt fir sech e besseren Iwwerbléck iwwer den Terrain ze verschafen. Mat Wärmebildkamerae kënnen aus der Loft déi Plaze fonnt ginn, wou beispillsweis nach Glous ass. Dat hëlleft de Pompjeeën ze identifizéieren, wou primär muss geläscht ginn.
Iwwerdeems sollen doduerch d’Loftasätz vun de Läschfligeren an Helikoptere méi prezis geplangt a koordinéiert kënne ginn. D’Wiederkonditioune wiere fir dës Asätz favorabel.
Ree war favorabel
Gëschter solle bei den Donnerwiederen an der Regioun 40 Liter Ree pro Quadratmeter gefall sinn. Dat ass duebel esou vill wéi an de leschten zwee Méint zesummen, wéi de "Belgischer Rundfunk" mellt. D’Waasser hätt gehollef de Buedem fiicht ze halen an doduerch de Risk vun neie Bränn ze reduzéieren.
An der Nuecht wier doduerch den Asaz méi lues ofgelaf, well d’Interventiounen um Terrain duerch de ville Ree geféierlech waren.
D’Helikopteren an d’Läschfligere bleiwen elo nach bis e Sonndeg op der Plaz. Momentan gëtt iwwerpréift, ob den europäesche Katastropheschutzmechanismus verlängert gëtt.