arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Feier am Héije Venn ass och dës Nuecht stabel bliwwen

Bëschbrand

|
reading time

1 min

D'Feier am Héije Venn ass och dës Nuecht stabel bliwwen

De Bëschbrand ass awer nach net ënner Kontroll, mellen d'Pompjeeën de Moien, trotz dem ville Reen, dee gëschter iwwer der Géigenderofgaangen ass. Et wier elo agekreesst.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Federico Gambarini
(Foto: picture alliance/dpa | Federico Gambarini)

D'RTBF schwätzt vun 150 Millioune Liter, déi gefall sinn. Dëst Waasser hëlleft de Pompjeeë substantiell bei de Läschaarbechten. 

Hënt sinn déi deelweis méi lues ofgelaf, well d'Interventiounen um Terrain duerch de Reen deelweis ze geféierlech waren. De Moie gëtt de Brand elo mat Dronen analyséiert.