Et si Landschafte wéi ee se haaptsächlech aus Skandinavien, Schottland oder och nach den Alpe kennt, entstanen als Iwwerreschter vun den Äiszäiten an hire Gletscher.
Milieu ouni neie Sauerstoff
Ënner der Surface vun dëse Mouer läit eng dacks meterdeck Torfschicht, déi vum Äis kompriméiert gouf a keng Loft duerchléisst. Uewendriwwer dann entwéckele sech ganz charakteristesch Planzen an Torfmoosen, déi nëmmen do wuessen, wéi d’Claudine Felten, Biologin bei der Naturschutzorganisatioun natur&ëmwelt erkläert.
"Et komme keng nei Närstoffer derbäi well déi Vegetatioun sech net zersetzt. Dat bréngt mat sech, datt dat ee ganz spezielle Milieu ass, wou ganz spezialiséiert Aarte virkommen, déi op déi Besonneschkeete vun deem Milieu, also Näschtersarmut, fiicht, kill, an och ee méi sauerem Milieu, wou dorunner ugepasst sinn."
Ee ganz eenzegaartege Biotop, deen och streng geschützt ass. Och wann de Mënsch an der Vergaangenheet schonn dacks intervenéiert huet an esou Mouer dréche geluecht huet, zum Beispill duerch Drainage an Uplanze vu Fichten.
Besteet Hoffnung, datt een Deel vun de Planzen an Déieren iwwerlieft huet?
Dat hänkt ganz dervunner of, wéi resistent déi eenzel Planze sinn, respektiv wéi mobil d’Déiere sinn.
Fir vill Amphibien, Insekten a Päiperleken, déi nëmmen hei virkommen, bedeit Feier de sécheren Doud.
"Déi méi grouss Säugedéieren oder esou, déi hate warscheinlech d'Méiglechkeet fir ze flüchten. Vullen och. Wann een awer vun de Vulle schwätzt, grad an den Hautes Fagnes, ass eng vun deene wéinege Plazen, och bei eis an der Géigend, wou d'Birkhuhn virkënnt."
D'Birkhuhn ass ee Vugel, dee mat engem Hong verwannt ass an deem och änelt.
"Och änlech schlecht flitt an och eeben dee ganz besonnesche Liewensraum brauch. Dat heescht, esouguer wann elo Déiere fortkomm si wéinst de Flamen, ass einfach hire Liewensraum, wéi si e kannt hunn, gebraucht hunn, definitiv zerstéiert."
Besteet eng Méiglechkeet, de Biotop ze retten oder ze restauréieren?
Et goufe scho Bränn am Héije Venn. 1911 zum Beispill e ganz grousse Brand. D’Spuere vun deemools an den Afloss op d’Planze sinn haut nach ze gesinn.
Aner méi kleng Bränn waren dacks am Fréijoer. Déi hunn awer ni den zentralen Deel vun der Naturreserv betraff a waren och net esou groussflächeg. Derbäi kënnt, datt dës Kéier de Kär vun der Naturreserv touchéiert ass mat aktive Moueren, déi also nach intakt waren.
Esou e Mouer brauch Dausende Jore fir ze entstoen, wéi d’Claudine Felten ze bedenke gëtt.
"Mouer brauch wierklech Jordausende fir ze entstoen, fir esou ze wuessen. Ënner deene Bedéngungen, déi mir eigentlech och haut guer net méi hunn, also mat der Fiichtegkeet, mam Nidderschlag, mat deene killen Temperaturen."
Esouguer wann een elo géif Mesuren huele fir eng Renaturéierung vum verbrannten Territoire, géif dat de Schued net kënne behiewen. Et kéint ee beispillsweis aner Deeler och bewässeren.
"D'Drainagen, déi fréier gemaach gi sinn, zoumaache fir esou vill Fiichtegkeet wéi méiglech dranzehalen, dat ass, fäerten ech, awer nëmmen e ganz schwaachen Ersatz fir dee ganz eemolegen, besonnesche Liewensraum, deen do verluergaangen ass."
Keng ganz optimistesch Perspektiven also, zemools wann ee bedenkt, datt d’Mouer och als riseg CO2-Reserv eng grouss Roll gespillt huet an an der Roll méi effikass wéi Bëscher ass.
Den zënter Joerdausende gebonnen CO2 geet elo mam Damp an d’Atmosphär iwwer.
Ze soen nach, datt och bei eis am Land nach vereenzelt esou Mouer bestinn, meeschtens mam Numm Venn bezeechent, wéi zum Beispill d’Konzevenn. Och déi gouf duerch Fichtebëscher dréche geluecht, ass awer elo nees an der Renaturéierung.