D‘Feier kéint nees ugoen, et kéinten Äscht vu Beem eroffalen an et kéinte gesondheetsschiedlech Gaser an Damp entstoen, esou déi zoustänneg Autoritéiten zu Léck.
Si hunn d‘Leit ausdrécklech opgeruff, den Ament net an déi Deeler vum Naturpark ze goen, wou et gebrannt huet.