Domat géif och d‘Republik ophalen ze existéieren. D‘Opléisung war Deel vun de Konditioune fir d‘Kapitulatioun. De fréiere Regierungschef vu Bergkarabach gouf iwwerdeems am Aserbaidjan an Untersuchungshaft placéiert. Hie kritt ënnert anerem Finanzéierung vun Terrorismus virgehäit.
De Ruben Wardanjan war gëschter vun den aserbaidjaneschen Autoritéite festgeholl ginn, bei sengem Versuch, aus Bergkarabach an Armenien ze flüchten.
An Tëscht hunn eng 65.000 Armeenier d‘Biergregioun verlooss, aus Angscht viru Gewalt a Verfolgung. Den armeenesche Premierminister huet dem Aserbaidschan eng ethnesch Säuberung vun der Regioun virgehäit.