Radioen

On air

One World  |  Flower of the soul

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bilan vun Explosioun a Sprit-Lager klëmmt op 68 Doudeger

Bergkarabach

Bilan vun Explosioun a Sprit-Lager klëmmt op 68 Doudeger

Bei der Explosioun vun engem Sprit-Lager an der Enklave Bergkarabach gouf et den Autoritéiten no däitlech méi Affer, wéi bis elo bekannt war.

auto_stories

1 min

Deemno wieren op d‘mannst 68 Leit ëm d‘Liewe komm, an 290 Leit wiere blesséiert ginn. Gëschter war nach vun 20 Doudege riets.

D‘Explosioun ass virgëschter Owend geschitt wéi Leit tanke wollte fir mam Auto aus Bergkarabach an Armenien ze flüchten. No der Militär-Aktioun vum Aserbaidjan, deen d‘Enklave elo kontrolléiert, ware bis gëschter Owend bal 20.000 Flüchtlingen aus Bergkarabach an Armenien ukomm.