Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - Clap Hands

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Berg-Karabach: éischt Verhandlungen tëscht de Konfliktparteien

Konflikt am Kaukasus

Berg-Karabach: éischt Verhandlungen tëscht de Konfliktparteien

Zwee Deeg nom Militärasaz vun der aserbaidschanescher Arméi an der Konfliktregioun Berg-Karabach hunn éischt Verhandlungen tëscht de Konfliktparteien an der Stad Yevlav am Aserbaidjan ugefaangen. Baku no soll et dobäi ëm d‘Reintegratioun vu Berg-Karabach an den Aserbaidjan goen.

auto_stories

1 min

Den aserbaidjanesche President Aliyev hat hënt d’Victoire iwwer déi armenesch Separatisten an der Biergregioun erkläert. Parallel hu lokal Medien de Moien awer nees Schëss an der Haaptstad vu Bergkarabach gemellt. Armenien reprochéiert Aserbaidschan d‘Wafferou gebrach ze hunn. Baku dementéiert.


En Dënschdeg hat den Aserbaidschan d‘Biergregioun, an där vill Armenier liewen, nees ugegraff. Armenesche Medien no sinn dobäi iwwer 200 Mënschen ëm d‘Liewe komm. Den EU-Conseilspresident Charles Michel huet de Moien an engem Telefonsgespréich mam aserbaidjanesche President Sécherheetsgarantië fir d‘Armenier a Berg-Karabach gefuerdert.

Den armeneschen Ambassadeur bei de Vereenten Natiounen huet déi aserbaidjanesch Militäroperatioun a Bergkarabach aus de leschten Deeg de Moie virum UNO-Mënscherechtsrot als Verbrieche géint d‘Mënschlechkeet bezeechent. An der Regioun wier eng ethnesch Säuberung amgaangen.