Virun allem aus Angscht, datt Russland op eemol géif de Krunn zoudréinen a kee Gas méi iwwert seng Pipelinen an Europa géif liwweren, gouf an Europa massiv an den Aus- an Opbau vun Terminale fir Flësseggas investéiert.
Russland op drëtter Plaz bei den Export an d’EU vun LNG
Den Ament gëtt et 36 operationell Terminalen, 17 nei Projete sinn am Bau oder an der Planung. D’Kapazitéite fir LNG ginn also staark eropgesat. An domat och den Import vu Flësseggas an Europa.
"44 Prozent vum LNG kënnt aus den USA, dono kënnt Katar mat 12,5 Prozent. An iwwerraschenderweis steet Russland op der drëtter Plaz - mat ëmmerhin 11,6 Prozent.", seet d’Ana Maria Jaller-Makarewicz, Expertin vum Institut fir Energiewirtschaft a Finanzanalysen, déi dës Zuelen an enger Etüd, déi dës Woch publizéiert gouf, zesummegestallt huet.
Si weisen, datt déi europäesch Länner zejoert an dëst Joer däitlech méi LNG aus Russland importéiert hu wéi nach virum russesche Krich an der Ukrain.
Belsch a Spuenien: 50 Prozent méi russeschen LNG
Spuenien ass dee gréissten Importateur, dono komme Frankräich an d’Belsch. Am meeschte geklomm ass den Import aus Russland a Spuenien a bei eise belschen Noperen, dëst Joer bis elo em 50 Prozent par rapport zu zejoert. An der Period vu Januar bis September huet d’Belsch 3,1 Milliard Kubikmeter LNG aus Russland importéiert. Dobäi kommen nach iwwer zwou Milliarde Kubikmeter, déi zu Zeebrugge op aner Schëffer verlueden (Trans-Shipment) a gréisstendeels an Net-EU-Länner weider transportéiert ginn.
Am Ganze goufe bis elo am Joer 2023 ronn 12,5 Milliarde Kubikmeter LNG aus Russland an d’EU importéiert. Nach am September hat d’EU-Kommissärin Kadri Simson een Appell un d’Länner gemaach, den Import vu russeschem LNG sou séier wéi méiglech auslafen ze loossen.
NEW | The gap between Europe’s LNG capacity and demand continues to widen.
— IEEFA Europe (@IEEFA_Europe) October 31, 2023
LNG import capacity is set to reach 406bcm in 2030 while gas consumption is forecast to fall to around 400bcm as the continent pushes ahead with gas demand reduction policies.https://t.co/dGGFd86rny pic.twitter.com/Hfl8BzAiCW
Entreprisen decidéiere selwer bei wiem si akafen
Am Fong hätt ee sech erwaart, datt den Import vu russeschem Flësseggas géif erofgoen, seet d’Expertin vum Londoner Institut.
“Verschidde Länner hunn eppes ënnerholl. Groussbritannien huet den Import vu russeschem LNG verbueden, Holland huet d’Verlueden op aner Schëffer iwwer hir Terminalen net méi erlaabt. Allerdéngs sinn all déi Kontrakter mat de Liwwerante privat, an d’Entreprisen hunn hir eegen Interêten. Ob manner Gas aus Russland kënnt, hänkt also dovun of, wat si fir d’Zukunft decidéieren.”
Dem Energiekonern “Total Energy” zum Beispill géingen 20 Prozent vun der russescher Entreprise Yamal Energy gehéieren, déi Flësseggas op Zeebrugge liwwert. “Total Energy” wier och de gréisste Keefer an der Belsch an a Frankräich vu russeschem Flësseggas, sou d’Ana Maria Jaller-Makarewicz.
Lëtzebuerg: Flësseg-Gas schwéier ze retracéieren
Wéi vill vun deem russesche Flësseggas aus der Belsch op Lëtzebuerg kënnt, ass iwwerdeems net kloer. Dat ze retracéieren, wier extrem komplizéiert, heescht et aus dem Energieministere. Kloer ass, datt den allermeeschte Gas, dee bei eis verbraucht gëtt, aus der Belsch kënnt. Bei deene Liwwerungen ass awer dee Gas, den als LNG ukoum, net méi vun deem aus de Pipelinen ze ënnerscheeden.
Kee vun de Lëtzebuerger Fournisseure géing direkt LNG kafen, sou och den Energieministere. Eng Nofro beim gréisste Gas-Importateur an hausintern Estimatiounen hätten iwwerdeems erginn, datt “Lëtzebuerg aktuell een Undeel vun zwee Prozent russeschem LNG a sengem Gas huet”, schreift de Ministère virun zwou Wochen an der Äntwert op eng Question parlementaire, ouni drop anzegoen, op deen Undeel dëst Joer oder zejoert eropgoung.
Weider op LNG setzen: wéi sënnvoll ass dat?
An der Äntwert steet och, datt d’EU weider staark op LNG setze wäert, fir “dee Gas ze kompenséieren, deen historesch iwwer Pipelinen aus Russland an Europa koum”. Konkret hätten “zum Beispill Däitschland, Frankräich, d’Belsch an Italien Pläng fir LNG-Infrastrukturen bis den Hierscht 2024 weider auszebauen.”
Ob dat wierklech sënnvoll ass, bezweifelt awer d’Expertin, d’Ana Maria Jaller-Makarewicz. D’Etüd vum Institut fir Energiewirtschaft a Finanzanalysen weist nämlech och, datt d’EU eventuell ze vill op LNG setzt.
„Déi meescht vun deene Projete goufen zejoert geplangt, wéi d’Demande séier geklomm ass a wéi e bësse Panik ausgebrach war. Wat mir awer bis elo dëst Joer gesinn hunn ass, datt d’Demande net weider esou eropgaangen ass, wéi mir dat erwaart hunn. Si ass vill méi niddereg, wéi mir geduecht hunn. Dofir fuerdere mir déi europäesch Industrie op, ze evaluéieren, wéi eng vun deenen Terminale wierklech gebraucht ginn. Baséiert op déi nei Previsioune fir LNG.“
Zil gëtt eventuell verfeelt
Ëmsou méi, well d’Decisioun, d’Infrastrukture fir LNG auszebauen, geholl gouf, mam Zil, manner ofhängeg vu Russland ze ginn, sou d’Ana Maria Jaller-Makarewicz.
“Hei sinn also zwou Saache wichteg: Hale mir eis un déi Decisioun a si mir prett, nach eng Kéier ze iwwerpréiwen, ob all déi geplangte Strukture gebraucht ginn?”
Gi se gebaut, ass dovun auszegoen, datt se och amortiséiert musse ginn. An dat kéint deemno ee weideren Import vu russeschem Flësseggas promovéieren. Genee de Contraire also vun deem, wat een erreeche wollt.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.