Radioen

On air

Notturno  |  Vanishing Twin - Marbles

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Urteel géingt d'Attentäter vu Bréissel gefall

Belsch

Urteel géingt d'Attentäter vu Bréissel gefall

An der belscher Haaptstad ass gëschter Owend d‘Urteel géingt d‘Attentäter vu Bréissel am Mäerz 2016 gefall. De Coauteur Salah Abdeslam gouf schëlleg geschwat, krut awer keng weider Strof.

auto_stories

1 min

Hien ass souwisou am Frankräich zu liewenslaangem Prisong verurteelt. Dat fir seng Implicatioun an déi Paräisser Attentater vun November 2015.

Déi belsch Cours d‘assis ass mat hirem Verdikt géingt d‘Fuerderung vum Parquet gaangen, deen effektiv liewenslaang fir den Abdeslam verlaangt hat. Dräi weider Leit, déi un de Bréisseler Attentater bedeelegt waren, krute Strofe vun tëschent zéng an 30 Joer.