Dat huet de Parquet vu Charleroi confirméiert. Beamte vun enger Spezialunitéit haten en Haus duerchsicht, an deem eng Persoun sech verschanzt hat, déi Perquisitioun wier ausgeaart an de Verdächtegen hätt op d‘Poliziste geschoss. De presuméierten Täter wier bei der Schéisserei och schwéier blesséiert ginn, hie wier an Tëschenzäit u senger Blessure verstuerwen, mellt déi belsch Noriichtenagence Belga. Informatiounen zu den Hannergrënn vun der Hausduerchsichung gëtt et nach keng.
arrow_back_ios
search
search
/ Belsch: Polizist bäi Hausduersichung erschoss
Bäi Charleroi
Belsch: Polizist bäi Hausduersichung erschoss
Bei enger Perquisitioun zu Charleroi an der Belsch ass de Moien e Polizist erschoss ginn. Een zweete Beamte wier schwéier blesséiert ginn.
auto_stories
1 min
