D‘Waasserwirtschaftsamt, dat reegelméisseg d‘Qualitéit vun de Badegewässer hei am Land kontrolléiert, huet op en Neits op der Plage Rommwiss Cyano-Bakterie fonnt, déi geféierlech fir de Mënsch an d‘Déiere kënne sinn. D‘Direktioun vun der Santé recommandéiert, all Kontakt mam Waasser op der Rommwiss ze evitéieren, keng Hënn doraus drénken ze loossen an och keng Fësch doraus z'iessen.
Déi aner Plage vum Stauséi sinn net betraff, do ass et net verbueden, an d‘Waasser ze goen.