Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Billie Eilish - Birds Of A Feather

play_arrow Live
search

/ Bei der Lufthansa gëtt erëm gestreikt

Dosende Flich ofgesot

Bei der Lufthansa gëtt erëm gestreikt

Bei der Lufthansa gëtt op en Neits gestreikt. D‘Gewerkschaft Verdi rifft d’Buedempersonal vun der Lufthansa op vun den Owend aacht Auer un ze streiken.

auto_stories

1 min

Lufthansa-Fliger | © picture alliance / Eibner-Pressefoto | Eibner-Pressefoto/Marcel von Fehrn
Lufthansa-Fliger (Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Eibner-Pressefoto/Marcel von Fehrn)

Hannergrond sinn déi unhalend Diskussioune ronderëm d’Tarifverhandlungen. Vun den Owend un ass deemno mat Annulatiounen a Retarde vun de Lufthansa-Vollen ze rechnen. D’Fluchgesellschaft huet annoncéiert, datt zéng bis 20 Prozent vun de Volle kënnen assuréiert ginn, esou wéi dat och scho beim éischte Warnstreik virun zwou Wochen de Fall war. Zu Frankfurt si fir den Owend Dosende Flich ofgesot.