Radioen

On air

9 bis 1  |  Alfalfa - Head Under Water

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Chantier, dee Beetebuerg an zwee deelt

Pont Hammerell

De Chantier, dee Beetebuerg an zwee deelt

Déi zentral Bréck, déi de Westen an den Oste vu Beetebuerg matenee verbënnt an eng Haaptachs vum Frontalierstrafic duerstellt, gëtt ofgebaut an duerch eng nei, sougenannte Bowstring-Bréck, ersat. Ee Chantier, deen nawell vill Konsequenze mat sech zitt. Wéi eng genee, a wéi laang de Chantier dauere wäert, ass d'Michelle Barthel gewuer ginn.

auto_stories

6 min

headphones

5 min

Beetebuerg Bréck | © Marc Lazzarini play_arrow
Beetebuerg Bréck (Foto: Marc Lazzarini)

Wie reegelméisseg zu Beetebuerg ënnerwee ass, muss sech vun e Freideg un ëmgewinnen. Um sechs Auer moies fänken nämlech d’Aarbechten zu Beetebuerg un der Bréck Emile Hammerel un. Dat wäert staark Konsequenze souwuel op den Auto-, Zuch- a Busverkéier hunn, wéi och Konsequenze fir de lokale Rettungsdéngscht hunn. 

“De Projet vun enger Generatioun”

“De Projet vun enger Generatioun”, eou bezeechent de Buergermeeschter vu Beetebuerg, de Laurent Zeimet, de Bau vun där neier Bréck. Den Alldag fir déi ronn 14.000 Leit, déi all Dag iwwer d’Bréck zu Beetebuerg fueren, wäert sech vun Enn vun dëser Woch u fir déi nächst néng Méint veränneren. De Laurent Zeimet ass sech bewosst, datt jiddweree sech wäert mussen ëmstellen.

“Ech mengen, mir mussen eis all drop astellen, datt mir eis am Alldag mussen upassen. Mir mussen, wéi gesot, vläicht bësse méi fréi opstoen. Mir mussen eis méi fréi iwwerleeën, wéi kommen ech vun hei op eng aner Plaz.”

Ponts et Chaussée no wier déi bal 50 Joer al Bréck an engem relativ schlechten Zoustand. De Ralph Di Marco erkläert, datt Alternative wéi d’Bréck ze restauréieren oder eng Ersatzbréck ze bauen, keng Optioune gewiescht wieren.

“Am Resumé wieren dat extreem opwenneg Aarbechten. Déi géifen e puer Joren daueren. Dat heescht, den Impakt op d'Leit an och op den Trafic, dee wier nach vill méi grouss, wéi wa mir elo eng komplett nei Bréck bauen.”

Déi nei Bréck an hiren imposante Bou. | © Ministère de la mobilité et des travaux publics
Déi nei Bréck an hiren imposante Bou. (Foto: Ministère de la mobilité et des travaux publics)

Auto an Zuch si betraff

Vu muer un um Freideg bis Enn dës Joers wäerten dann Deviatioune fir den Trafic ageriicht sinn, déi ronderëm Beetebuerg wäerte féieren. Déi Leit, déi soss duerch Beetebuerg gefuer sinn, fir de Beruffstrafic op der Autobunn ze evitéieren, wäerten dann an Zukunft mussen op der Autobunn bleiwen. Dem Buergermeeschter wier et wichteg, datt sech de ville Verkéier net an d’Wunnquartiere géif ausbreeden.

“An da muss een ofwaarden, wéi déi Leit, déi awer elo wäerte probéieren, mam Auto doduerch ze kommen, wéi eng Stroosse si wäerten huelen, wéi fléissend de Verkéier nach wäert sinn. Mee mir hunn Iwwerleeunge fir verschidde Quartieren, wann et net anescht geet, da moies zouzemaachen.”

Och den Zuchtrafic wäert beanträchtegt ginn: E ganze Mount, vum 13. Juli bis den 12. August, wäert d’Beetebuerger Gare zougemaach ginn. Dat ass genee den Zäitpunkt vun den Olympesche Spiller zu Paräis. Dofir wäert den TGV dee Moment just vu Rodange a Belval aus fueren. De Ralph Di Marco vu Ponts et Chaussée erkläert, datt dee Choix net ze ëmgoe gewiescht wier.

“Soe mir esou: d'Olympesch Spiller waren, ënner Anführungszeichen, “Das kleinere Übel”. Also et muss een eppes a Kaf huelen.”

Sou wäert déi nei Bréck ausgesinn. | © Ministère de la mobilité et des travaux publics
Sou wäert déi nei Bréck ausgesinn. (Foto: Ministère de la mobilité et des travaux publics)

20 Meter héich, 150 Meter laang, an 100 Joer al

Bis déi néi Bréck da ka benotzt ginn, ass Beetebuerg wuertwiertlech an zwee gedeelt. Eng Erausfuerderung fir de Rettungsdéngscht. De Pompjeesbau befënnt sech nämlech am westlechen Deel vu Beetebuerg. Als Léisung gëtt ee Pompjeescamion am ëstlechen Deel op engem Terrain vu Ponts et Chaussée stationéiert. Et géif nach eng méi kleng Bréck ginn, déi u sech mat Polleren zougemaach ass, déi awer da vun de Rettungsdéngschter ka benotzt ginn, seet de Laurent Zeimet.

“Mee am Noutfall a fir an den Asaz ze fueren, kënnen och d'Pompjeeën déi Bréck notzen, fir datt si net ëmmer mussen de ganzen Tour ëm d'Uertschaft ronderëm maachen.”

Déi néi Bréck wäert 150 Meter laang ginn an eng sougenannte Bowstring-Bréck ginn, also eng Bréck mat engem Bou. Dee wäert iwwer 20 Meter héich ginn. D’Fuerbunne fir d’Autoe wäerten e bësse méi schmuel sinn, dofir soll awer da méi Plaz fir Foussgänger a Vëlosfuerer entstoen. Déi néi Bréck soll dann iwweregens déi nächst 100 Joer iwwerdaueren.

A wann Dir Iech elo gefrot huet, vu wou déi Bréck hiren Numm huet: Dee kënnt vum deemolegen CSV-Buergermeeschter, Emile Hammerel, deen d’Bréck 1975 ageweit huet. Bis Enn Dezember soll den Iwwergang fir d’Autoe gespaart sinn a vum Fréijoer 2025 u sollen dann déi komplett Aarbechten ofgeschloss sinn. Duerno wäerten dann Aarbechte vun der CFL ufänken.

Lauschterenplay_arrow