Fir d’Gemeng ze entschiedege sollen iwwerdeems eppes iwwer 5,2 Milliounen Euro aus der Confiscatioun vun zum Beispill Immobilien a Wäertsaachen zesumme kommen. Déi Zomm entsprécht därer, déi déi zwee fréier Gemengebeamten iwwer en Zäitraum vu bal 20 Joer ënnerschloen haten. Ervirzehiewen ass, datt am éischten Urteel nach festgehale gi war, datt déi zwee Männer fir eppes méi wéi 6,9 Milliounen Euro Schued sollten opkommen.
Motivéiert, eng Procédure de cassation de envisagéieren
Nawell war de Me Marc Lentz, Affekot vun engem vun den Haaptugekloten, nom Urteelssproch net ganz zefridden. A sengen Aen hätt eent vun den Haaptargumenter a sengem Plädoyer nämlech genee ëm den ziville Volet gedréint. Dobäi hätt hie sech op d’Fro konzentréiert, ob iwwerhaapt mol nëmmen am Prinzip e Feeler vun der Gemeng vun Hesper kéint festgehale ginn, well dat am Lëtzebuerger Droit nach net sou verankert ass an et och keng vergläichbar Jurisprudenz gouf, esou de Me Lentz. Et hätt ee gehofft, et hätt een eam Appell kënnen e bëssen hëllefen, fir Créateur de jurisprudence ze sinn.
Also vun engem juristesche Standpunkt hier sinn ech motivéiert, fir hei nach eng Procédure de cassation ze envisagéieren, fir vläicht och de Lëtzebuerger Droit deene Jurisprudenzen ze alignéieren, déi mir invoquéiert haten, déi aus Frankräich komm sinn, mee dat muss ech natierlech mam Client beschwätzen."
De Montanten no, déi gesprach gi sinn, wier hei nämlech den integrale Schuedenersatz festgehale ginn, soudass kee Partage des responsabilités zeréckbehale gi wier, deen hien awer gefrot hat, sou de Me Marc Lentz.
Op der Säit vun der Gemeng ass een zefridden
Op där anerer Säit war de Me Pierret, Affekot vun der Hesper Gemeng, net onzefridden. Dat virun allem mam Fait, datt festgehale gouf, der Gemeng wier kee Feeler virzewerfen, deen eng Influenz op de Schuedenersatz gehat hätt.
“Et wier wierklech schlëmm gewiescht, wann iergendeppes bei der Gemeng gewiescht wier, wat engem, dee Sue geklaut huet, nach e Benefiss bruecht hätt oder e Kaddo bruecht hätt, an datt dat gesprach ginn ass, schéngt mir schonn elementar ze sinn. Soudass ech géif mengen: Am Numm vun der Gemeng kéinte mir soen, mir wiere mam Urteel, wéi et hei gesprach ginn ass, tel quel zefridden."
Bleift also elo just nach ofzewaarden, ob eng Cassatioun an dëser Affär nokënnt, oder net.